Formatiounen

Mat der CSV-Akademie offréiere mir alle Memberen en interessanten a breede Formatiounsprogramm. Dobäi stinn d’Gemengewahlen dëst Joer natierlech am Mëttelpunkt. Esou hu mir am Fréijoer Formatioune besonnesch fir all d‘Kandidaten an de Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017 proposéiert.

D‘Formatiounen waren op dräi Pillieren opgebaut:

  • F1 – Perséinlecht Optrieden a Rhetorik,
  • F2 – Publizitéit a Kommunikatioun an der Wahlkampagne,
  • F3 – Kompetenze vun de Gemengen an hire praktesche Fonctionnement

Virun de Gemengewahlen ass elo nach eng speziell Formatioune geplangt:

Formatiounsmoien iwwert d’Gemengewahlen (2. September 2017)

D’Formatiounen am Kader vun der CSV-Akademie stoungen am Hierscht 2016 an am Fréijoer 2017 ganz am Zeeche vun de Gemengewahlen. Fir awer och deene Kandidaten, déi méi spéit designéiert goufen, nach d’Méiglechkeet ze ginn, u Formatiounen deelzehuelen, organiséiere mir e Samschdeg, 2. September, e Formatiounsmoien iwwert d‘Gemengefinanzen, d‘Gemengen an hirem deegleche Fonctionnement, d‘Gemengekompetenzen an iwwer Kommunikatioun a perséinlecht Optrieden. Vun 09:00 bis 12:00 bei de Franziskanerschwesteren um Belair (50, Avenue Gaston Diderich, L-1420 Luxembourg).

Méi Informatioune kommen nach no. Mellt Iech am Generalsekretariat bis Donneschdeg, 31. August, un (225731-1 / [email protected]).