Dës Donnéeë gi fir intern Zwecker an der Partei, fir d‘Membergestioun, -informatioun a –betreiung elektronesch gespäichert, veraarbecht a genotzt. An deem Kader kritt Dir och eng individuell Membersnummer zougeuerdnet. Dir kritt a reegelméissegen Ofstänn vun der Partei Informatioune per Post an E-Mail. D‘Donneeë gi vum CSV-Generalsekretariat traitéiert. Och déi Responsabel (President, Sekretär, Tresorier, respektiv de Verantwortleche fir nei Memberen) vun den Ënnerorganisatiounen, wou Dir Member sidd, a vun der Lokalsektioun, wou Dir Member sidd, kréien Äre Parteibäitrëtt an Donnéeë matgedeelt a kënnen dës am Kader vun hire Mandater an hirer Parteiaarbecht notzen. Fir d’Exekutioun vu verschidde ganz präzise Missiounen am Kader vun der Aarbecht vum Generalsekretariat an ënnert der Konditioun, datt eng Confidentialitéitserklärung tëschent der Partei an dëse Sous-traitants besteet, kënnen Donnéeën un dës Drëtter (Sous-traitants) weidergi ginn. No Beendegung vun der Memberschaft ginn Är Memberdonnéeë geläscht. Dir hutt d’Recht gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeën d’CSV vun Iech huet a firwat a kënnt d’Erlaabnis fir d’Notze vun Ären Donnéeën zu all Moment widderruffen. Esou stinn Iech d’Recht op Auskonft, Verbesseren, Läschen, Aschränkung, Dateportabilitéit, Widderruff a Widdersproch zou. Am Fall, wou Dir der Meenung sidd, datt beim Notze vun Ären Donnéeë géint Dateschutzrecht verstouss gëtt, kënnt Dir d‘CNPD (Commission nationale pour la protection des données) kontaktéieren. D’CSV-Generalsekretariat kënnt Dir erreechen ënnert: CSV-Generalsekretariat, 4, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg / B.P. 826 Luxembourg / Tel: 225731-1 / [email protected]
Eisen Dateschutzbeoptragten erreecht Dir ënner: [email protected] / 225731-37