AUSSERUERDENTLECHEN NATIONALKONGRESS A RENTREESFEST

Samschdes, de 25. September 2021
an der Hall O
(Avenue du Parc des Sports, 4671 Uewerkuer)
Parking couvert payant Parc des sports

Dagesuerdnung

08.30 Auer : Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten

D’CSV Déifferdeng zerwéiert Kaffi a Croissant

 

09.00 Auer :

  • Begréissung duerch Vertrieder vun der CSV Déifferdeng
  • Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident Claude Wiseler
  • Adoptioun vun der Kongressuerdnung an dem Kongressbüro

 

1. Projet Statutereform

1.1. Presentatioun vum Projet « Statutereform » duerch de Generalsekretär Christophe Hansen an d’Stéphanie Weydert (nom Nationalrot vum 10. September wäert de Projet un d’Nationaldelegéiert geschéckt ginn).

1.2. Ofstëmme vun den Amendementer

 

2. Politeschen Deel

2.1. Eis CSV …. Gespréichsronn mat den CSV-Basisorganisatiounen

2.2. Riede vun de Co-Fraktiounspresidente Martine Hansen a Gilles Roth

2.3. Ried vum CSV-Parteipresident Claude Wiseler

Géint 12.00 Auer : Rentréesfest

De Kongress an d’Rentréesfest ginn als Covid-Check Veranstaltungen organiséiert. Delegéiert, Parteimemberen a Visiteuren si gebieden de CovidCheck-Zertifikat op hirem Smartphone oder a Papeierform matzebréngen. Wie keen Zertifikat huet, muss an der Entrée e Schnelltest maachen.

Nom Protocole sanitaire den d’CSV an der Direction de la Santé agereecht huet ass eng Umellung obligatoresch. Esouwuel fir den Nationalkongress an och fir d’Rentréesfest.

Umelle kann een sech bis de Mëttwoch, 22. September 18.00 Auer um Tel. 22 57 311 oder op [email protected].

CSV Elo September 2021

Version française: CSV Elo septembre 2021 FR