Startsäit


Marcel Oberweis

Alter: 68
Sektioun: Steinsel
Bezierk: Centre

Email: moberweis@chd.lu

Comitéen
  • Comité Section CSV: Président
  • Comité Circonscription CSV: Membre
Mandater
  • Député National
  • Member vum Gemengerot
Kommissiounen
  • Commission des Pétitions
  • Commission de l'Enseignement supérieur, de la Recherche, des Media, des Communications et de l'Espace
  • Assemblée parlementaire du Conseil de l'Europe (AP-CE)
  • Conseil interparlementaire consultatif de Benelux
  • Conseil Parlementaire Interrégional (CPI)
  • Commission de la Culture
  • Commission de l'Environnement
Biographie
Dat nohalteg Zesummewierken vun Mënsch, Ëmwelt an Technik steet am Mëttelpunkt vum politeschen Wierken vum Marcel Oberweis, deen 25 Joer Emweltwessenschaften an Energiewirtschaft op dem «Institut Supérieur de Technologie» a spéider op der Universitéit vu Lëtzebuerg ënnerriicht huet.

Och d’Weiderbildung vun den Erwuessenen, de „Lifelong Learning“, sinn him e grousst Uleies, dat huet hien duerch Grënnung vun engem europäeschen Weiderbildungsprojet am Joer 1996 bewisen. Hien huet seng Doktorarbecht am Beräich vun den erneierbaren Energien am Joer 2005 ofgeschloss.

Am „Wort“ publizéiert hien regelméisseg interessant Artikelen an deenen hien an einfacher Form déi grouss a komplex Zesummenhäng vun der Globaliséierung erkläert. Ob der internationaler Bühn bréngt hien sech bei der EU-Kommissioun zu Bréissel, am Benelux-Parlament, am Interregionalen Parlamentarierrot an beim Weltenergieroot zu London an.

An senger knapper Fräizäit geet de Marcel Oberweis gär joggen a Vëlo fueren.

Zenter 2003 bedeelegt hien sech un humanitär Aktiounen an Bosnien-Herzegowina um Balkan ann am Burkina Faso mat den „Chreschte mam Sahel“ an Afrika. D’Technikgeschicht ass e weidert Beschäftegungsfeld an senger knapp bemoosener Freizeit.

Hien ass zënter 1968 an der CSV engagéiert an ass Member a verschiddenen CSV-Gremien e.a. dem Natioanlcomité, dem Bezierkscomité Zentrum, der Sektioun Stésel wou hie Präsident ass. An der Partei gët hien als zouverlässegen Frënd appréciéiert.

De Marcel Oberweis wunnt zesummen matt senger Fra Josette an sengen erwuessenen Duechteren Carine an Nathalie zu Heeschdref.