Eis Europapartei

D’Europäesch Vollekspartei ass eng politesch Partei respektiv e Parteiebündnis um Niveau vun der EU. Si setzt sech aus chrëschtlech-demokrateschen, chrëschtlech-sozialen a konservativ-biergerlechen nationale Parteien zesummen. Dorënner och d’CSV. Am Europäesche Parlament stellt d’EVP mat der “Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei (Chrëschtdemokraten)” an hire 221Deputéierten de stäerkste politesche Grupp an der Legislaturperiod vun 2014-2019.

EVP-President Joseph Daul

D’EVP gouf 1976 zu Lëtzebuerg gegrënnt. 1976, wëll déi éischt Direktwahl fir d’Europaparlament eréischt 1979 stattfonnt huet. Virdru gouf et allerdéngs schonns eng Chrëschtdemokratesch Fraktioun an der europäescher parlamentarescher Versammlung. An d’Liewe geruff gouf dës Fraktioun de 23. Juni 1953 zu Stroossbuerg bannent der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol. Kuerz no den éischten Direktwahle vum Europäesche Parlament huet d’Fraktioun am Juli 1979 hire Numm dunn an “Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei  (Chrëschtlech-Demokratesch Fraktioun)” geännert a schlussendlech am Juli 1999 de Numm “Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei (Chrëschtdemokraten)” ugeholl.

Als Mëtt-Riets Bündnis huet d’EVP ëmmer eng féierend Roll am Europäesche Parlament gespillt an den Eenegungsprozess stänneg entscheedend virubruecht.