
An engem konstruktive Gespréich hunn d’Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB an d’Deputéiert Nathalie Morgenthaler, Françoise Kemp, Jeff Boonen, Charel Weiler a Ricardo Marques ronn erëm de Fraktiounspresident Marc Spautz sech iwwer aktuell Sujeten ausgetosch. De legislative Suivi vun de Sozialronnen stoung derbäi genee esou um Ordre du jour wéi d’Aarbechtszäitorganisatioun an d’Situatioun vun der CNS. Eeneg war en sech am Bekenntnis zu engem modernen Aarbechtsrecht am Interessi vu Land a Leit.
Béid Säiten hu betount, am reegelméissegen Echange wëllen ze bleiwen.