
D’CSV begréisst den reegelméissegen Austausch mat de Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale). Dës Kéier goung et ëm divers Uleies, déi mam Fraktiounschef Marc Spautz a mat den Deputéierten Emile Eicher, Françoise Kemp a Ricardo Marques diskutéiert goufen.
Sou sollen all d’Gesetzer, déi fir den ëffentlechen Déngscht gëllen och am Gemengesektor méiglechst séier ëmgesat ginn. Allgemeng gouf vu béide Säite begréisst, dass den Inneminister Léon Gloden en oppent Ouer fir d’Suerge vun den Gemengen an dem Gemengenpersonal huet.