
Wéi gewinnt huet d’Chamber deen zweeten Dënschdeg am Oktober déi nei Sessioun opgemaach.
Déi éischt Woch war een Op an Of vu Gefiller fir eis Fraktioun. Mir hunn eis mat der groussherzoglecher Famill iwwert den neie Lieutenant-Représentant gefreet, déi aktuell Finanzzuelen an de Budget 2025 si villverspriechend a mam Ricardo Marques hu mer een neie Member an der Fraktioun opgeholl. Nieft dëse schéine Momenter war et awer och ee ganz traurege mam Hommage un eise léiwe Frënd Max Hengel.