De Wunnengsbau zu Lëtzebuerg an der Spekulatiounsfaal

Fir e Lëtzebuerger ass et geschwënn onméiglech fir sech eng Wunneng zu Lëtzebuerg kënnen ze leeschten. En Appartement vu beispillsweis 100m2 an a ronderëm d’Stad huet virun 10 Joer ëm 500.000 Euro kascht. Haut kascht dat selwecht Appartement praktesch dat duebelt, also 1 Millioun fir 100m2. Am leschte Joer sinn d’Präisser vun de Wunnengen ëm 16% an d’Luucht gaangen. Fir et richt eraus ze soen dat ass eng Katastroph.

D’Spekulatioun um Grond a Buedem huet Niveauen areecht déi net méi nozevollzéien sinn. Wou bleiwen d’Mossname vu Säite vun der Regierung fir dës Spekulatioun anzedämmen ?

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum CSV Deputéierten Marc Lies iwwert de Wunnengsproblem Lëtzebuerg hei :