CSV-Pressematdeelung: Digitale Kongress bei der CSV

Delegéiert stëmme fir nei Dispositioun an de Statuten

 

D’Nationaldelegéiert vun der CSV hunn an deene leschten Deeg Geleeënheet gehat, fir per Bréif iwwer eng Ännerung vun de Parteistatuten oofzestëmmen. Mat neien Dispositioune gëtt formell erméiglecht, Kongresser mat allen Ofstëmmungen, och déi iwer Personalfroen, digital ofzehalen. Gëschter Owend, den 10. Mäerz, gouf de Vote ausgezielt.

445 Nationaldelegéiert hu sech un dësem Vote bedeelegt, 433 dovun hu fir déi nei Dispositioune gestëmmt. Mat iwwer 97 Prozent Zoustëmmung trieden si elo a Kraaft.

 

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat