Pressematdeelung

Den CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank Engel matgedeelt, datt hien aus gesondheetleche Grënn säi Mandat bis op Weideres muss roue loossen. Dat ass fir eis Partei e schwéiere Moment, mee fir de Félix Eischen nach vill méi.

D’Joer 2020 mat senger sanitärer an ekonomescher Kris huet fir vill Leit grouss Erausfuerderungen an och eng grouss psychesch a moralesch Belaaschtung mat sech bruecht.  De Félix, dee seng Mandater mat groussem Engagement wouer hëlt, huet dës Belaaschtung och perséinlech am Laf vun de leschte Méint allze däitlech gespuert.

Hien huet dowéinst decidéiert, sech an nächster Zäit em seng Gesondheet ze këmmeren a sech engem adequaten Traitement ze ënnerzéien. Elo ass de Moment komm, wou de Félix muss no sech selwer kucken, Rou a nei Energie fannen, mat der Ënnerstëtzung vu senger Famill an deenen, déi him no stinn. Mir wäerten hien, wéi och ëmmer mer dat kënnen, no Kräften dobäi ënnerstëtzen, datt hien zu senger aler Form zréckfënnt.

Iwwert déi organisatoresch intern Upassunge wäert d’CSV a nächster Zäit kommunikéieren.

Mir wënschen dem Félix eng gutt Erhuelung a freeën eis, hien esou bal wéi méiglech nees am Team ze hunn.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat