Velostour fir Corona-Hëllef

Esou wéi d’lescht Joer, invitéiert d’CSV Fraktioun  Iech och dëst Joer op ee Velostour. Nodeems mer d’lescht Joer Sue fir de Klimaschutz gesammelt hunn, wëlle mer dëst Joer zesumme mat der Caritas deenen hëllefen, déi net nëmme gesondheetlech ënnert der sanitärer Kris gelidden hunn.

All Don ass Wëllkomm. D’Participatioun kascht 25 €, déi der Iech natierlech och gäer iwwer een oder méi Sponsore kënnt finanzéiere loossen. Dir kënnt natierlech och een Don iwwer Digicash maachen, wann der net kënnt mat fueren.

D’Streck, déi gefuer gëtt, fann der hei : https://connect.garmin.com/modern/course/42272692