D’Gemenge si systemrelevant

Fräi Tribune vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen op RTL 92,5 a Radio 100,7.

D’Gemenge si systemrelevant, fir hir Bierger a fir di kleng a mëttelstänneg Betriber. Duerfir musse si vun der Regierung ënnerstëtzt ginn.

Et gëllt dat geschwaatent Wuert

D’Gemenge spillen eng wesentlech Roll an der Ausféierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen an eisem Land. Alles dat, wat de Staat net selwer an d’Hand hëlt, gëtt vun de Gemengen ausgeféiert, ënnert anerem wichteg Servicer an der Proximitéit mat de Leit. Grad an dësen Krisenzäiten brauche mir zolidd an handlungsfäeg Gemengen.

Mir wëssen : d’Corona-Pandemie provozéiert mënschlecht Leed. De Virus ass een déiwen Aschnëtt an eist soziaalt an ekonomescht Liewen. Hie stellt eis Institutioune viru gewalteg Erausfuerderungen.

D’Konsequenze vum Sars-CoV-2-Virus schloen och duerch op de Niveau vun de Gemengen. Den 102 Gemengen am Land briechen an der aktueller Situatioun d’Recetten ewech.

Den Inneministère huet den 8. Mee eng Circulaire eraus ginn an der steet, datt d’Gemengen am lafende Joer mat 25 % manner aus der Gewerbesteier a 17,5 % manner aus dem globalen Dotatiounsfong ze rechnen hunn.

Gläichzäiteg mussen si awer an der aktueller Situatioun enorm vill leeschten, fir d’Gesondheet vun hire Bierger sécher ze stellen : D’Gemengeservicer ware stënterlech ëm ze organiséieren a Sécherheetsprozedure an ze féieren. Hygiènesmesure sinn ergraff an Desinfektiounsmëttel pret gestallt ginn. Ganz besonnesch hu sech d’Gemenge agesat, fir di vulnerabel Matbierger ze schützen.

Op dëser Plaz duerfir e ganz grousse Merci un all d’Mataarbechter vun de Gemengen, déi di lescht Méint fir hir Matbierger do waren. Si hunn Akeef erleedegt, si Medikamenter an d’Apdikt siche gaang hu Liwwerservicer organiséiert, Maske verdeelt. Ouni d’Leit an de Gemengen, zesumme mat de ville Benevollen, déi se ënnerstëtzt hunn, wäre mir bis elo net esou gutt duerch d’Kris komm.

Et ass dofir wichteg, datt d’Gemengen elo net am Reen stoe geloos ginn. All Betrib an all Stot dee Schwieregkeeten huet weinst der Corona-Pandemie ka beim Staat Hëllef froen. Dat duerf fir d’Gemengen net anescht sinn. Grad zu engem Moment, wou d’Gemengen all Dag gefuerdert sinn, als den éischte Kontakt fir d’Bierger mat den ëffentlechen Institutiounen.

An och wëll d’Gemengen e wichtegen Investisseur sinn, duerfe si net hänke gelooss ginn. D’Gemenge sinn de Partner vum lokale Mëttelstand. D’Betriber, besonnesch déi kleng an dei mëttel, brauche nom Lockdown Opträg vu finanziell handlungsfäege Strukturen. Hei geet et ëm ganz villes, nämlech d’Erhale vun enger Betribslandschaft mat enger Aberzuel vun Aarbechts- an Ausbildungsplazen.

Et ass dofir wirtschaftspolitesch eng absolut Noutwendegkeet, d’Gemengen no der Corona-Kris finanziell handlungsfäeg ze halen, fir dat d’Gemengen hiren Investitiounsniveau méiglechst bäibehaalen an esou de lokale Betriber eng Perspektiv bidden. D’Betriber brauchen déi Perspektiv wëll kee ka viraus gesinn, wei sech di privat Nofroe an de nächste Méint a Joren wäert entwéckelen

Dofir freet d’CSV, datt d’Ausfäll u Steierrecette net un d’Gemenge virugereecht ginn. D’Krisegestioun vun der Regierung, déi vill verlaangt, Oplage verschäerft a schwéierfälleg Prozedure virschreift, och alt virschreiwe muss, ass hei kloer an der Responsabilitéit.

Wat d’Gemenge riskéieren elo u Recette manner ze kréien, muss duerch de Staat mat enger extraordinairer finanzieller Contributioun ausgeglach ginn. Fir d’CSV ass et dowéinst kloer, datt d’Regierung mat responsabel ass, fir d’Finanzsituatioun an de Gemengen hei am Gläichgewiicht ze haalen.

Di lescht Wochen a Méint ass ganz vill iwwer systemrelevant Beruffer a Beräicher geschwat ginn. Domat sinn d’Leeschtungen an d’Servicer gemengt, déi a Krisenzäite musse funktionéieren.

Och d’Gemenge si systemrelevant, fir hir Bierger genau esou wéi fir di lokal mëttelstänneg Betriber, déi am Ablack ëm all eenzel Aarbechtsplaz kämpfen.

A wëll si systemrelevant sinn, ass et fir d’CSV kloer, datt den Ausfall vu Steierrecetten net einfach un d’Gemenge virugereecht gëtt.

All aner Politik ass extrem riskant a finanziell net nohalteg.

Félix Eischen,

Deputéierten an CSV-Generalsekretär