All zesumme géint de Virus

E Message vum Parteipresident Frank Engel

 

All zesumme géint de Virus

 

Léif Parteifrëndinnen a Parteifrënn,

 

Mir sinn an där gréisster gesondheetlecher Kris, déi mer an der moderner Zäit erlieft hunn. Déi Moossnamen, déi d’Regierung scho geholl huet, fir dëser Kris ze begéinen, si schonn haart an aschneidend, ginn awer wuel nach net duer. Et ass wichteg, datt eis Partei an dëser Situatioun un deem grousse nationalen Effort deelhëlt, fir de Virus a seng Schranken ze weisen. Mir kréie e net méi ewech. Mee mir kënne seng Verbreedung awer andämmen, ëm d’Liewen esou schwéier maachen, wéi méiglech.

 

Wat kënne mer maachen? Mir kënnen – a mir mussen – eis schonn emol un all déi Reegelen halen, déi beschloss ginn. Keng iwwerflësseg Deplacementer, keng sozial Kontakter am gréissere Kader, keng Begéinungen, déi net noutwenneg sinn. Dobäi kënnt natierlech: keng Hamsterkeef. Mir wëssen, datt déi zoustänneg Autoritéiten alles derfir maachen, datt d’Supermäert am Land gefëllt bleiwen. Mee sie solle mat Wuere gefëllt sinn a net mat Honnerten an Dausende Leit, déi dee leschte Pak Nuddelen an de leschte Rouleau Toilettëpabeier erausraumen. Loosse mer verstänneg sinn. Fréier oder spéider muss d’Versuergung rationéiert ginn, wa mer eis net all zesummen derzou bréngen, dat noutwennegt anzekafen – a just dat noutwennegt.

 

Mir mussen och fir eng Zäit dervun ofgesinn, einfach weider wëllen duerch d’Landschaft ze reesen. All Dag beschwéiere sech Leit, déi an deene leschten Deeg nach iergendwou eng Vakanz ugetrueden hunn, driwwer, datt se Problemer an den Hoteller a mam Transport kréien. Dat ass net néideg, wa mer all drop verzichten, elo ze reesen. Et ginn all Dag Grenzspäerungen an Aschränkunge vum Fluchverkéier, déi net zu Lëtzebuerg decidéiert ginn, an och net vun de Lëtzebuerger Autoritéiten. Mir kënnen do just eis Residenten derzou opruffen, op Reesen ze verzichten. Et wier souwisou sënnvoll, de net dréngend néidege Persouneverkéier um Findel anzestellen. Et ass souwisou net intressant a net sënnvoll, op Plazen unzekommen, wou grad ewéi hei solle sozial Kontakter strikt limitéiert ginn.

 

Déi Tirouler Autoritéiten hunn zu Ischgl an op anere Plaze net zou gemaach, wéi all Indikatioune vun Honnerte vun Erkrankunge vun Touristen schon drop higewisen hunn, datt zu Ischgl eng gigantesch Verbreedung vum Virus stattfonnt huet. Lo ass zou, mee ze spéit – an Dausende Leit hu sech do mam Virus ugestach. Ischgl ass och bei Lëtzebuerger eng beléiften Destinatioun, an et ware wuel ronderëm d’Fueszäit ganz vill Lëtzebuerger do an der Vakanz. Well mer net méi jidderee kënne prophylaktesch testen, maache mer op déi hei Manéier bei eisen eegene Leit den dréngenden Opruff: wann der zu Ischgl waart, oder soss an Tiroul, bleift wannechgelift e puer Wochen doheem. D’Gesondheetsservicer kënnen Iech sécher präzis Verhalensinstruktiounen an deem Fall ginn. Huelt et wannechgelift net op déi liicht Schëller, a sot och deenen dat, vun deenen der wësst, datt se zu Ischgl waren.

 

Dëst si schwiereg Wochen, och fir eis Ekonomie, a net nëmme fir eis. Et ginn uechter Europa an och hei bei eis all Efforten ënnerholl, fir de Betriber groussflächeg ze hëllefen. D’CSV ënnerstëtzt selbstverständlech ALL Moossnam, déi hëlleft: Aussetze vum Erëmbezuele vu Kreditter, keng Andreiwung vu Steieren a soziale Kotisatiounen, a Garantéiere vun de Léin. Mir wëllen, datt d’Wirtschaft an déi Honnertdausende Leit, déi se beschäftegt, sech um Effort géint de Virus kënne bedeelegen ouni sech Gedanken ëm hiert finanziellt Iwerliewen ze maachen. Dat gesi mer genee esou, wéi d’Regierung.

 

Villes ass an dësen Deeg anescht wéi soss, mee et mierkt een, wéi vill Leit an der Gesellschaft Solidaritéit praktizéieren a liewen, datt mer zesummestinn an dësem Kampf, dee schwéier ass, mee dee mer wäerte gewannen. Och d’Politik muss zesummestoen, a mir maachen dat, iwwer all Parteigrenzen ewech. Déi eenzeg Oppositioun, déi an dësem Moment zielt, ass déi vun eis alleguer zesumme géint de Virus!

 

Frank Engel

CSV-Parteipresident