De Budget 2020 – Prioritéit fir Wuelbefanne vun de Leit

CSV huet géint de Budget 2020 gestëmmt.

Dozou Martine Hansen:

“Dëse Budget ass e Budget mat Zuelen, mä ouni Visioun. Et ass e Budget ouni Kloerheet, fir Leit a Betriber, ouni Prioritéiten, ouni Politik. An dat mol fënnef am Pluriannuell, deen am Fong just ee ”Pluri-Vide” ass. Mir brauchen awer eng kloer Politik, fir d’Wuelbefanne vun de Leit an een deementspriechende Budget. Dëse Budget awer bleift just am Hamsterrad hänken an aus all deene Grënn wäerte mir als CSV géint dëse Budget vun eidele Wierder, eidelen Zuelen an eideler Politik stëmmen. Dëse Budget ass beschtefalls e Budget vum ”Bien-avoir” an net vum Bien-être, net vum Wuelbefannen a scho guer net vum ”Wuelmaachen”.

Nieft der Fraktiounscheffin hunn och de Gilles Roth, Marc Spautz a Laurent Mosar Stellung fir CSV-Fraktioun geholl.

An dësen Debatten huet CSV-Fraktioun eng ganz Partie Motiounen a Amendementer mat konkrete Verbesserungsvirschléi fir Leit proposéiert: Erheigung a rëm Indexéierung vum Kannergeld, eng Erhéijung vun der Allocation de vie chère, Erofsetze vum Impôt de la solidarité, Upassung vun der Steierklass 1a etc.

All déi Propositiounen si vun de Majoritéitsparteien ofgeleent ginn.

Eis Propositiounen zum Budget 2020:

Motion CIPA Motion Allocation de vie chère

Amendements CSV Budget 2020 – Dépôt en séance publique Marc Spautz

Amendements CSV Budget 2020 – Dépôt en séance publique Gilles Roth

Motion Stock options

Motion Space mining

Motion Pacte Climat PME

Motion neutralité climatique 2030

Motion Mise à disposition des députés des MOU

Motion Impôt de solidarité