An engem Rechtsstaat dierfen et keng rechtsfräi Zone ginn

Pressecommuniqué
D’CSV weist sech extrem besuergt iwwer déi dramatesch Situatioun am Garer Quartier, déi nach emol gëschter Owend an enger gutt besichter ëffentlecher Versammlung thematiséiert ginn ass.
Déi organiséiert Drogekriminalitéit, hannert där déi nigerianesch Mafia stécht, an awer och de Vandalismus, Déifstall an Aggressiounen géintiwwer Fraen huelen dramatesch zou.
D’Awunner aus dem Garer Quartier bedaueren de Mangel vun Policepatrullen an Präsenz vu Polizisten um Terrain.
D’CSV ass schockéiert iwwert dës Situatioun. An engem Rechtsstaat dierfen et keng rechtsfräi Zone ginn. Dat ass eng Kapitulatioun vun engem vun deenen fundamentalen Missiounen vun engem Staat.
Aus dëse Grënn fuerdert d’CSV d’Regierung, a besonnesch d’Ministeren fir bannent Sécherheet, Justiz, Immigratioun an Santé op, fir mat alle méiglechen Mëttel ze intervenéieren, fir de Bierger den ëffentleche Raum erëm ze ginn.

Matgedeelt vun der CSV Fraktioun

Lëtzebuerg, den 26. September 2019