BILAN 2013-2018 – D’PARLAMENTARESCH AARBECHT VUN DER CSV-FRAKTIOUN AM IWWERBLÉCK (DE&FR)

PDF: BILANZ LEGISLATURPERIODE 2013-2018

PDF: Bilan Législature 2013-2018


Di aktuell Legislaturperiod geet op en Enn. De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. D’CSV huet dës Period an der Oppositioun erlieft. Mir hunn als Partei, mä och als Fraktioun ee wäite Wee hannert eis, deen net ëmmer einfach war, deen eis awer och d’Chance gebueden huet di politesch Aarbecht vun enger anerer Perspektiv ze gesinn, z’organiséieren an ze gestalten.

Eng Fraktioun vun enger Majoritéitspartei huet eng aner Roll ze spillen, wéi eng Fraktioun an der Oppositioun. Als Fraktioun vun de Majoritéitsparteien geet et drëms der Regierung de Réck ze stäipen fir dass de Regierungsprogramm ëmgesat gëtt. Als Fraktioun vun der Oppositioun huet een am Kader vun der parlamentarescher Kontroll vun der Regierung, fir déi d’Chamber zoustänneg ass, eng besonnesch Roll ze spillen.

Dëst gëllt ëm sou méi fir di gréissten Oppositiounsfraktioun, wie d’CSV-Fraktioun, di mat 23 Deputéierten an der Chamber vertrueden ass. Als Oppositiounsfraktioun stoung d’CSV, am Géigendeel zu de Fraktioune vun der Majoritéit, an enger kritescher Distanz zu der Regierung. Et gëllt net hei sech vehement géint all Moossnam, all Entscheedung, all Projet vun der Regierung ze wieren. Mir woren net prinzipiell géint all Virschléi vun de Majoritéitsparteien. Am Géigendeel, mir hu vill Gesetzesprojete matgedroen. Vill Texter, déi während dëser Legislaturperiod, virun allem am Ufank, gestëmmt goufen, haten iwwregens nach d’Ënnerschrëft vun der viregter Regierung. Mä och Texter, déi ausschliisslech vun der aktueller blo-rout-grénger Koalitioun ausgeschafft goufen, hu mir gestëmmt, wann se fir eis sënnvoll waren.

Mir hunn eis kritesch Meenung do geäussert, wou mir gemenghunn, dass d’Regierung an d’Majoritéitsparteien am Parlament um Holzwee waren. Mir hunn zu ville Projeten, Alternative virgeschloen. Mir hunn eis Siichtweis kloer an de parlamentaresche Kommissiounen an am Plenum an der Chamber zum Ausdrock bruecht, mä och an de sëlleche Pressekonferenzen, déi mir gehalen hunn. Mir hunn eis mat der Zivilgesellschaft, mat de Gewerkschaften an dem Patronat reegelméisseg gesinn. Mir hunn och mat de Bierger dobaussen diskutéiert fir de Bols vun der Gesellschaft ze fillen, fir ze wëssen wou bei de Leit de Schong dréckt.

Dëst ass een Iwwerbléck, dee mir elo virleeën, et ass net der CSV hire Wahlprogramm. Et ass een Iwwerbléck vun de grousse Linnen, ee Resumé vun eisen Haaptalternativen a -kritikpunkten, eng Zesummefaassung vun den Haaptachse vun eiser Aarbecht als parlamentaresch Fraktioun. DësenIwwerbléck intégréiert och ee Bilan vun eise Vertrieder am EU-Parlament, wéi och kuerz Portraitë vun eisen National- an Europadeputéierten.

Als Fraktiounspresident denken ech, dass et eis als CSVFraktioun gelongen ass, eng seriö, eng eescht, eng éierlech Oppositiounspolitik ze maachen. An dësem Kontext wollt ech menge Fraktiounskollegen fir hir wäertvoll Aarbecht an Asaz Merci soen. Ech profitéieren och vun der Geleeënheet fir mech bei de Mataarbechter aus der Fraktioun, déi eis während all dëser Zäit begleed hunn, ze bedanken. Mir hunn Ideeën, wéi mir eist Land kënne besser an deenen nächste Joren opstellen. Mir hunn ee Plang fir Lëtzebuerg. Mir hunn och vun deene 5 Joer profitéiert fir eis op déi nächst Legislaturperiod viirzebereeden. Eise Wahlprogramm wäert an den nächste Wochen am Detail eis Ideeën duerleeën. Ech freeë mech op d’Wahlcampagne, op d’Méiglechkeet mat Iech iwwer eis Ideeën ze diskutéieren

CLAUDE WISELER
Frakiounspresident vun der CSV