Firwat Politik? Am Gespréich mat jonke Kandidaten, Alex Donnersbach a Jeff Boonen

Firwat sech als Jonke politesch an der CSV engagéieren? Wat sinn d’Prioritéite vu Jonke fir d’Zukunft? An der fräier Tribün ginn den Alex Donnersbach, jonke Kandidat fir d‘Chamberwahlen am Zentrum, an de Jeff Boonen, jonke Kandidat am Norden, op hir Motivatioun an sech an der Politik anzebréngen, a dorobber, wou an hiren Aen Erausfuerderunge fir eist Land leien.

Esou war et säin Engagement als President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, wat dem Jeff Boonen säin Interessi fir d’Politik erwächt huet. Beim Alex Donnersbach war et seng Passioun fir politesch Themen, déi schonns zu Lycéeszäiten ugaangen ass, dobäi haaptsächlech d‘Fro: „Wéi kënne mer eng méi nohalteg Welt gestalten?“ De Jeff Boonen ass als Agronom der Landwirtschaft ganz verbonnen a wëll do Akzenter setzen. Fir den Alex Donnersbach musse mir endlech am Logement an an der Mobilitéit konsequent agéieren.