Konvent: Zesumme fir de Wiessel

Eis Equipe fir de 14. Oktober 2018

De Nationalkonvent vum 24. Mäerz 2018 ass e wichtege Moment fir eis Partei.

Eis Delegéiert aus de véier Bezierker kommen zu Ettelbréck um Konvent beieneen a bestëmmen d’Kandidate fir d’Wahlen vum 14. Oktober 2018.

60 Kandidaten aus de véier Bezierker, déi mateneen fir déi lieweg Diversitéit vun de Mënschen an eisem Land stinn.

60 Kandidaten, déi sech an der Equipe mat eisem Spëtzekandidat Claude Wiseler fir de politesche Wiessel an eng besser Politik engagéieren.

Mir freeën eis, Iech de 24. Mäerz zu Ettelbréck an der Däichhal ze gesinn, wou mir eis zesummen op de Wee vum Wiessel maachen.

Marc Spautz
Parteipresident

Laurent Zeimet
Generalsekretär

Dagesuerdnung

8.30 AUER
Aschreiwen an Umeldung vun den Delegéierten

9.00 AUER
Begréissung duerch d’Presidentin vun der CSV Ettelbréck-Waarken Edmée Juncker

Opmaache vum Konvent duerch de Generalsekretär Laurent Zeimet

Bezeechnung vum Konventpräsidium a vun der Wahlkommissioun

1. WAHL VUN DE KANDIDATEN FIR D’CHAMBERWAHLEN

1.1. Présentatioun vun de Kandidaten duerch de Parteipresident Marc Spautz
1.2. Vote vun den Delegéierten

2. BILAN 2017

2.1. Aktivitéitsrapport vum Generalsekretär Laurent Zeimet
2.2. Rapport de Caisse vum Generaltrésorier Georges Heirendt
2.3. Interventioun vun de Keesserevisoren
2.4. Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporten

3. ZESUMME FIR DE WIESSEL

3.1. Resolutiounen a Motiounen
3.2. Proklamatioun vun de Wahlresultater
3.3. Ried vum nationale Spëtzekandidat Claude Wiseler
3.4. Schlusswuert vum Parteipresident Marc Spautz

Heemecht

Praktesch Informatiounen

TRADUCTION SIMULTANÉE
Une traduction simultanée en français est assurée.

GARDERIE FIR D’KANNER
Mir bieden Iech, Är Kanner um Tel. 22 57 31 – 1 (oder [email protected]) virum 20. Mäerz anzeschreiwen.

ADRESS VUM DAG

Däichhal
3 Rue du Deich,
L-9012 Ettelbréck

ËFFENTLECHEN TRANSPORT
www.mobiliteit.lu

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.