Projet de loi N°7186 portant modification de la loi du 25 février 1979 concernant l’aide au logement

PDF: QP 3431 PL 7186 Subvention Loyer – Sylvie Andrich-Duval


Ongewinnt,

Här President, Léif Kolleginnen a Kollegen, dass e Gesetz, knapps 1 Joer a Kraaft, scho nees op de Leescht muss geholl ginn.

Net well de Kleeschen haut kënnt – neen – d’Gesetz huet ganz einfach net gegraff.

Et huet säin Ziel verfehlt, d’Aarmut an den Aarmutsrisiko ze bekämpfen.

De Rapporteur, deem ech Merci soen fir säin schrëftlechen a mëndleche Rapport, ass elo just op di verschidden Aspekter agaang.

D’CSV begréisst, dass d’Gesetz nogebessert gëtt.

Virun allem, dass et elo duergeet wann e Stot 25% vum Akommes fir de Loyer ausgëtt anstatt 33%.

Mee mer hunn awer op eng Rei Ongerechtegkeeten higewisen, grad wéi d’Caritas an d’Chambre des Salariés.

Et ass lamentabel, dass grad Famille mat Kanner vill Problemer hunn fir eng dezent Wunneng ze fannen.

Et gëtt och nach ëmmer keen regional ofgestëmmten Referenzloyer. E Loyer fir eng Wunneng am Norden leit z.B. bei  750€ . Am Zentrum dogéint bei 1.100 €.

Ee sougenannte « Mietspiegel », esou den Här Minister, wier awer hei net méiglech aus Dateschutzgrënn.

Wéini schätzt den Här Minister dee Problem geléist ze hunn?

Dann hu mer zweeërlee  Notznéisser vun der Loyer’szoulag bei den RMG-Bezéier respektiv de Bezéier vun enger Zoulag fir schwéier behënnert Persouen:

Di “nei” RMG Bezéier falen ënnert d’Loyerssubventiounsgesetz a kréien bis zu 300 € Loyer s Subventioun.

Déi vu virum Gesetz kréien weiderhin eng Majoratioun vun 123€.

Op Nofro vun der CSV huet de Minister matgedeelt et wier en Arrangement getraff ginn mam Fonds National de la Solidarité (FNS):

– de Service Logement soll di betraffen RMGisten bei hirer Demande uschreiwen, dass se kënnen fir di gënschtegst Formule optéiren wa se schon eng Bonifikatioun fir de Loyer kréien.

-Mécht den RMG- Bezéier keng Demande, ass en op d’Informatioun iwert den Office social  ugewisen.

Dat héiert sech net onbedéngt no administrativer Vereinfachung un.

Grad déi do Leit kommen net gutt un d’Informatiounen.

Dat zelwecht gëllt fir aner potentiell Notznéisser mat niddregem Revenu, déi kee Kontakt mat engem Office social hunn.

D’Regierung ass jiddefalls gefuerdert:

D’Formatioun vun de Professionnellen muss optiméiert ginn.

An Informatiounscampagne si néideg.

FAZIT: Eng Drëpps op de waarme Steen!

Et bleiwen weiderhinn Mëssstänn an der Wunnengspolitik insgesamt.

D’Loyerspräisser klamme monter weider.

Laut leschte Tendenzen vum LISER  (Luxembourg Institute of socio-economic Research)

+ 4,1% an der Moyenne zënter 2010

+ 2,1% di lescht 12 Méint

Di lescht 4 Joer sinn se esouguer progressiv méi schnell eropgaangen wéi di 8 Joer virdrun.

A si klammen méi séier wéi d’Mëttelakommes.

D’Eropsétzen vun der TVA bei Zweetwunnengen vun 3 op 17% wärt fréier oder spéider och op d’Loyerën dropgeschloe ginn.

Kaum Aussiicht also, op eng Entspanung vum Logementsmaart.

Et gi net genuch bezuelbar Wunnengen.

– Näischt Neits- an entretemps en parteiiwergreifende Konsens.

Eng ganz Rei Lëtzebuerger Famillen mat Kanner plënneren bekanntlech iwert d’Grenz.

Wien ass nach betraff?

-elengstehend Persounen,

-jonk Leit oder Famillen am Ufank vun hirer Liewensplanung.

Déi mussen oft méi wéi 40% vun hirem Revenu fir de Loyer op den Dësch leën ,

besonnesch fragiliséiert Persoune:

-Elengerzéier a sozialen Noutlagen, meeschtens Fraen

– Persounen mat Behënnerungen

– psychesch Kranker

– a net ze vergiessen d’Flüchtlingen, riskéiren ënnert onwürdege Konditiounen ze wunnen.

D’Problematik vun den Café’szëmmeren, déi zu horrente Präisser verlount ginn, ass nach ëmmer akut.

D’Gesetzespropose vum  honorable Marc Lies heizou schingt leider vun der Regierung net esou akut gesinn ze ginn.

Dobäi kënnt eng onkoherent Familljepolitik wou grad d’Famille mat méi Kanner net besser ewech kommen.

– entgéint deem wat d’Regierung behaapt –

D’CSV hat iwregens am Kader vun deeër och sozial ongerechter Steierreform,

fir eng méi staark Entlaaschtung vun ënneschten Akommesschichten plädéiert.

Waat ass néideg?

E globale Konzept fir eng Wunnengspolitik, net nëmmen fir di Schwächst an eiser Gesellschaft.

Haaptsächlech feelt et u soziale Wunnengen fir ze lounen, mee och u Wunnengen zu moderate Loyerën.

Preparativen sinn am gaang fir e weideren Débat de consultation Logement Ufank 2018. Deem well ech sécher net virgreifen.

D’CSV  huet bis elo  scho vill Proposen op den Dësch geluet.

Schéin a gutt nees ze debattéiren, dës Kéier geet et allerdéngs drëm z‘ agéiren.

Här President,

D’CSV begréisst,  dass haut d’Wunngeldsgesetz nogebessert gëtt fir dass méi Stéit sollen an de Genoss dovu kommen,wann se dann eng Wunnen fannen.

Regelméisseg Bilan ze zéien ob et säin Zwéck erfëllt, giff awer Sënn maachen.

Domat ginn ech den Accord vun der CSV Fraktioun.