Elektromagnéitesch Stralungen : Wéi gesäit et mat Sensibiliséierung a Protektioun aus ?

Réponse à la question N° 3516 (Question écrite) de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Députée concernant Ondes électromagnétiques, par Madame Lydia Mutsch, Ministre de la Santé, Monsieur Etienne Schneider, Ministre de l’Economie: QP3516

Här President,  

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert elektromagnéitesch Stralung un d’Madamm Minister fir Gesondheet an den Här Minister fir Wirtschaft weiderzeleeden.

Etüden hunn  gewisen, dass elektromagnéitesch Stralungen niewent der thermescher Belaaschtung och biophysesch Wierkunge mat sech bréngen, déi sech duerch negativ Effekter op dat mënschlecht Nervesystem bemierkbar maachen. Duerch dës Mikrowellen erhéije sech net nëmmen d’Gesondheetsrisike fir d’Mënschen, mee och d’Biodiversitéit geréit weider a Gefor. Enger Publikatioun vun der Direction de la Santé au Travail vum Gesondheetsministère no ginn dem Secteur professionell eng sëlleche Mesure presentéiert, fir dës Stralungen ze reduzéieren. Nom Prinzip Alara (« as low as reasonably achievable ») gëtt hei beispillsweis probéiert, de Wert vun 0.6 V/m (Bioinitative) net z’iwwerschreiden. Och d’WIFI « intelligents » droen zu enger Reduzéierung vun de Stralungen bei. Ech begréissen dës Initiativen, allerdéngs missten op der anerer Säit och Informatiounen en vue vun enger Stralenréductioun an déi privat Haushälter verdeelt ginn. Dat selwecht gëllt fir d’Schoulen, wou ëmmer méi informatescht Material mat WIFI-Verbindungen agesat gëtt. Et ass wichteg, eis Kanner an d’Enseignante virun deene beschriwwenen negativen Auswierkunge vun den elektromagnéitesche Stralungen ze protegéieren.

Weiderhi ginn a villen Haushälter zu Lëtzebuerg vill onnéideg Internet-Routeren agesat, well oft Jidderee probéiert dat stäerkste WIFI-Netz ze hunn. Dëst féiert mengen Informatiounen no zu Interferenzen zweschent den eenzele Kanäl. Aus dësem Grond ginn d’Stralungen an den Haushälter natierlech och drastesch an d’Luet, an domat och d’Geforen. Eng besser Informatiounspolitik kéint och hei hëllefen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Minister fir Gesondheet an dem Här Minister fir Wirtschaft dës Froen stellen:

  • Envisagéiert d’Madamm Minister d’Populatioun iwwer déi gesondheetlech Risiken opzeklären ? Wann jo, wéi ?
  • Wéi gedenkt d’Madamm Minister op déi ëmmer méi grouss Risiken duerch d’Stralungen an de Schoulen ze reagéieren ? Wéi sollen eis Schüler protegéiert ginn ?
  • Firwat ginn et Recommandatioune fir de professionelle Secteur an net fir de private Beräich ? Gedenken den Här Minister respektiv déi verschidden Telekommunikatiounsentreprisen och do fir Opklärung ze suergen ? Wéi gesäit et mat WIFI « intelligents » fir privat Haushälter aus ?
  • Ginn et Inferenz-Problemer bei de Routeren ? Wann jo, wat gedenkt den Här Minister dogéint ze maachen ?
  • Ginn nei Technike fir d’Iwwerdroe vun Donnéeën « sans fil » gefërdert ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch

Députéiert

Zréck