Déclaration sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire

PDF: Coopératiouns-Ried Marcel Oberweis


Här President,

Dir Dammen an Hären,

Här Minister

Am Numm vu menger Fraktioun well ech Stellung zu engem Sujet huelen, dee fir d‘CSV ganz wichteg ass – a mir perséinlech vill um Härz läit – nämlech d’Cooperatiouns- an Entwécklungspol itik.

Den Accent gëtt, wéi all Joer, zwar haatsächlech op déi lëtzebuergesch Politik geluecht.

Doniewend muss awer och kloer betount ginn, datt et sech hei em en typescht Politikfeld handelt, daat wéineg Sënn mécht, wann een et aus der enker nationaler Siicht kuckt – an net an den Zesummenhang mat enger kohärenter europäescher Entwecklungspolitik setzt.

Ech kommen nach dorop zereck.

Mir sollten mettlerweil akzeptéieren, dass mir emmer méi op eng kohärent Entwecklungszesummenarbecht setzen mussen, net nemmen mat eisen Ziillänner – mä doriwer eraus –  eis vill méi staark fir d’Gerechtegkeet an d’Solidaritéit teschend alle Menschen.

D‘Wuel vum ganzen Planéit muss eis alleguer opruffen, zesummen zeschaffen. Leider musse mir feststellen, dass d’Situatioun a villen Ecker op der Welt eis net mat Fréed erfellt.

Déi sellechen Kriicher dreiwen Menschen ronderem, Klimakastastrophen féieren derzou, dass ville Menschen hir ugestaamten Héemecht nett méi liewensfäheg ass – an si machen sech op de Wé an eng aner Géigend – waat net emmer gär gesinn ass.

Jorelang huet Europa vun dessen Migrantestréim neischt matkritt, awer de Krich a Syrien zenter dem Joer 2011 huet derzou geféiert, dass Milliounen Menschen iwwer d’Balkanroute  bei eis komm sinn.

Awer nett nemmen do herrschen Chaos an Misär, néen och an Afrika koum et zu enger Rei vun Streitereien an Kriicher, esou dass och do Milliounen Menschen sech op de Wee no Norden gemaat hunn.

Dausende vu jonke Menschen sinn op dem Wee duerch d’Sahara emkomm, vill anerer sinn an den Opfanglagern um Südufer vun dem Mettelmier gestrandet a kommen nett no Norden weider.

Vun déenen Menschen, dei zenter dem Joer 2000 vun do fort iwwert Mettelmier bei eis komme wollten, sinn der laut offiziellen Zuelen ronn 33.000 an dem “Mare Nostrum” erdronk.

An dei Menschen, dei ukommen sinn, sinn zum dachsten guer nett wellkomm. Si hu geduecht – hei eng besser Zukunft ze fannen an vill vun hinnen sinn batter enttäuscht ginn.  Jo et sinn der och schon vill erem zereckgangen – dohinn, wou Ontoleranz, Misär a Honger herrschen.

De GIEC – eng “task force” vun der UNO – huet viru kuerzem matgedéelt, dass d’Zuel vun de Migranten eleng duerch d’Suiten vum Klimawandel op méi wéi 200 Milliounen Menschen am Joer 2050 eropgéet.

Ech well op de 5. EU-Afrika-Sommet zu Abidjan an der Côte d’Ivoire virun enger Woch agoen.

Hei gouf et klore Message: “Waat an Afrika geschitt, beaflosst och Europa a waat an Europa geschitt, daat betrefft och Afrika.”

Eis Partnerschaft mat de mannerbemettelten Menschen ass eng Investitioun an d’Zukunft. Et muss eng Partnerschaft op gleicher Aenhéicht sinn, déi eis erlabt – eis gegenseiteg ze ennerstetzen an ze hellefen. Zesummen wuessen – an domat dess Welt méi secher, mei stabil, méi gerecht a méi nohalteg ze machen.”

Déi versammelt Responsablen aus Politik an Wirtschaft woren sech eens – d’Lutte géint d’Korruptioun an d’Anhalen vun de Menscherechter an de 55 Länner an Afrika muss déi eischt Prioritéit kréien.

Eng vun de Mesuren an deser Lutte stellen déi privat Investitiounen an Afrika duer – d’BEI, d’World Bank an d’Africa Bank sinn hei wichteg Partner.

Wann hei déi richteg Schretter ageléet ginn, dann kënnt et zu dem schon lang verlangten Paradigmenwiessel.

Eng ganz Rei vun Projeten am Bereich vun der Notzung vun der Solarenergie, der Wandkraft  an der Waasserkraft sinn schon an der Vergangenhéet an den Entwecklungslänner duerchgeféiert ginn.

Awer – eleng d’Tatsaach, dass iwwer 25 Milliounen Menschen un Honger an desse Länner am Joer stierwen, séet genuch iwwert déi onméiglech Zoustänn.

Eng vun den Ursachen ass secherlech, dass e.a. den afrikanesche Länner wirtschaftlech Mesuren operluecht ginn –  déi zum dachsten de reichen Länner am Norden notzen an derzou beidroen, dass déi sozial an déi wirtschaftlech Krisen sech nach weider verschärfen.

Eierlecherweis muss éen awer soen, dass d’Europäesch Unioun am leschte Joer 50 Milliarden Euro fir déi direkt Entwecklungszesummenarbecht beréetgestallt huet – dovun 20 Milliarden € fir Afrika.

Duerch dess heich Zouwendungen sinn ganz vill Progréen an der Entwécklung an de leschten Joeren gemaat ginn.

E wichtege Fakt an desem Zesummenhang wor de Sommet vun de “Millenium Development Goals” am Joer 2000. Déi sinn am Joer 2015 oofgelaaf sinn an ginn duerch d‘Agenda 2030 weidergeféiert.

An trotz de Progréen, déi ze verzeechne sinn, ass d’Welt leider nach laang net gerecht – an duerfir ass eng global Entwécklungszesummenarbecht nach ëmmer de wichtegen Outil fir méi Gerechtegkeet an Solidaritéit opzebauen.

Awer déi muss mat engem kriteschem Bléck hannerfroot ginn, fir ze erkennen, op déi nach emmer den heitegen Emstänn entspriechen – an daat ass e. a. de But vun der Debatt vun haut.

Här Präsident,

Erlabt mir dem Här Minister Merci ze soen, datt de staatleche Budgetposten fir d’Coopératioun an Humanitärhëllef, erem op engem ganz respektabelen Niveau vun liicht iwwer 1% vun dem RNB gehaale huet. Et handelt sech em ronn 350 Milliounen Euro.

Mir stelle fest, dass d’Regiirung an dësem wichtegen Beräisch d’Effort’en vun den vireschten Regierungen respektéiert an weider féiert.

Mir kënnen den Fait nemmen begreissen, dass Lëtzebuerg iwwer d’Halschend vun sengem Bäitrag an d’sozial Sektoren afléissen léisst – haaptsächlesch an d’Gesondheet, d’Bildung an an eng integral lokal Entwécklung.

Et gëtt awer nach Sputt no uewen, so d’OECD an hirem Peer-Review. Et muss een eis Cooperatiounspolitik als e Katalysator gesinn, dé fir d’Wuel vu Menschen a ville Länner suerge soll – démno eng Win-Win-Situatioun.

Et geet awer net duer 1% vum RNB ze consacréieren, fir herno net ze wëssen waat domatt geschitt oder wou herno keng konkret Resultater opweisbar sinn.

Et muss een déi vill Milliounen € als en Investissement fir d’Gestaltung vun der Zukunft betruechten an et muss een d’Valeur ajoutée vun deem Investissement éndeiteg erkennen kënnen.

Vleicht sollt éen desen humanitären Effort an Relatioun mat dem Budget fir d‘Défense setzen – dé nach bei 0,4 % vum RNB leit – awer op 2% vum RNB eropgehuewe muss ginn.

Lëtzebuerg gett dacks kritiséiert, dass mir e Schlussliicht  bei der Contributioun zur NATO sinn – mir géifen eisen Engagementer net genuch Rechnung droen.

Et well awer drop hiweisen, dass eist Land op den éischte Plaazen läit – waat d’Entwécklungszesummenarbecht mat den mannerbemettelte Menschen op desem Planéit ugéet.

Déi magesch Grenz vun 0,7% vum RNB ass schon säit den 70er Joeren zu enger Richtlinn vun der Entwécklungszesummenarbescht ginn.

Déi wéinegst Länner hunn daat bis haut respektéiert. Et ginn esou guer Länner, déi elo no ënnen tendéieren – do ass d’Haut méi no wéi d’Hiem.

Ma muss bedaueren, dass d’Europäesch Union, emmerhin de greisste Bailleur de fonds op der Welt et net färdeg brengt, sech endlech eng Strategie ze ginn, fir dass sech all Memberstaat un daat Verspriechen hällt oder zumindest kloer an déi Richtung tendéiert.

Secher – kenne mir haut net vun Griechenland, Rumänien oder Bulgarien dessen Effort verlaangen – awer aner Länner, déi sech gudd stinn, missten méi Efforten machen.

Op der anerer Seit beweist eis déi aktuell Flüchtingkrise, dass d‘Solidaritéit an der EU net grouss geschriwwe gëtt. Daat ass e wichtege Message fir déi nächst Generatiounen am Kader vun der Letzebuerger Coopératioun.

D’Europäesch Union misst mam gudde Beispill virgoen –  wann et drëms geet, de Menschen an den arme Länner op dessem Planéit ze hëllefen oder innovativ Strategien ze entwéckelen, déi der ganzer Mënschheet ze gutt kommen.

Am Kontext vun der Flüchtlingskris gett gesoot, dass d’Problemer endlech bei der Wuerzel ugepaackt musse ginn an nett just d’Symptomer bekämpft solle ginn.

A genée bei dessem Défi ass et wichteg – eng kohärent Coopératiounspolitik opzebauen an och duerchzezéien.

Här Präsident

Ech wëll zum 1. all déi vill Effort’en am Kader vun der Letzebuerger Hëllef an de Katastrophegebidder an zum 2. dei wichteg Arbescht vun alle Benevolen, déi sech um Terrain derfir asetzen, dass dess Welt méi gerecht gett. Hinnen allen e grousse Merci.

Hirem Asatz verdanke mir, dass Honnerte Milliounen Menschen, déi an Armut a Misär liewen, endlech eng Chance kréien, den eischte Fouss op déi ennescht Spross vun der Léeder vun der wirtschaftlecher Entwecklung ze stellen.

Hei kann eist klengt Land séch roueg op d’Schëller klappen – dobaussen si mir eng grouss Nummer op der Weltkaart. Duerch dess Arbecht um Terrain ginn et och schon eischt gudd Lichtblecker.

Notamment an den Dierfer kritt éen dese Succès virun Aen geféiert – eis Cooperatiounsarbecht um Terrain ass bedeitend – d’Menschen leiden kéen Honger an si huelen hir Entwecklung selwer an d’Hand – mir begléeden si op hirem Wé.

Werfe mir e Bleck op d’Weltbevölkerung, da gesii mir, dass sech d’Zuel vun de Menschen vun 5,3 Milliarden am Joer 1990  op 7,4 Milliarden am Joer 2016 erheicht huet.

Ronn eng Milliard Menschen konnt aus der extremer Armut erausklammen, 2,1 Milliarden Menschen hunn e Accès zu enger verbesserter Sanitärversuergung kritt an 2,6 Milliarde hunn elo eng verbessert Drenkwaasserversuergung.

Awer nach emmer hunn bal zwou Milliarden Menschen kéen Accès zu propperen Sanitärarichtungen.

Eleng an Afrika hunn 80 % vun den 1,2 Milliarden Menschen kéen Zougang zur elektrescher Energie – an dobei brauche mir nemmen d’Solarenergie an d’Waasserkraft sennvoll ze notzen.

Mache mir eis awer neischt fir – wann eng gross Unzuel vun jonke Menschen iwert déi social networks gesinn, wéi mir hei uewen liewen an si nemmen Hoffnungslosegkéet hunn, da brauch ech iech jo ké Bild ze moolen, waat an e puer Joer lass an, wann déi an den Erwuessenen Alter kommen.

Si verlossen hir Héemecht a kommen bei ons – an neischt hällt se op.

Här President

Den Här Minister Romain Schneider haat eis et schon d’lescht Joer op dëser Plaaz gesoot, Lëtzebuerg huet 2 Partnerlänner manner op senger Lëscht stoen, an zwar de Vietnam an den El Salvador, dese Länner géet et haut besser.

Lëtzebuerg huet do secher säin Verdéngscht drun – mir hunn joerelaang bei den Entwécklungsprojet’en aktiv matgewierkt.

De Minister haat der Presse géintiwwer matgedeelt, et wéilt een laangfristeg awer nées op 9 Partnerlänner kommen.

Bleiwe mir kuerz bei eise “pays cibles”, esou kann ée soen, dass sech de Laos gudd entweckelt wéi och de Nicaragua.

An Afrika sinn et de Cap Vert an de Senegal, dei sech gudd entweckelen.

Hei well ech och op d’”Coopératioun triangulaire” teschend Letebuerg, dem Cap Vert an der Inselwelt Sao Tomé hiweisen – e Beispill daat aner Länner kopéiere wellen.

An da verbleiwen den Mali an de Niger, déi eis vill Problemer liweren – notamment duerch dei lokal Kricher, an déi derzou beidroen, dass d’Coopératioun fir dei mannerbemettelt Menschen nett mei richteg funktionéiert.

De Burkina Faso ass um gudde Wé – eng ganz Rei vun vernetzten an nohaltegen Projeten sinn duerchgeféiert ginn. Lux-Development a vill ONGen hellefen um Terrain esou, dass daat sech de Burkina Faso zum engem Leuchtturm an desem Eck vun Afrika entweckle kann.

Well de Vietnam an de Laos nett méi als pays-cibles gellen, wor gemengt ginn, de Myanmar kënnt e neien Partner ginn.

Wéi mir all wëssen, herrschen do säit e puer Méint ganz dramatesch Zoustänn, well eng ethnesch reliéis Minoritéit, déi moslemesch Rohingya, duerch d’Arméi mat gréisster Brutalitéit verfollegt an aus hirer Heemecht verdriwen ginn.

Ganz Dierfer ginn a Brand gesaat, Dausende Fraen a Kanner ginn als Sexsklaven an als Krischswaffen benotzt.

D’Zuel vun den Flüchtlingen gett op ronn 600.000 Menschen geschätzt. Si verlossen hir Héemecht a Richtung Bangladesh, waat selwer en extrem armt Land ass.

Epidemien briechen an engem extrem héigen Ausmoos aus, esou d‘ONG „Médecins sans Frontières“.

An déi Fra, déi de Nobelpreis fir de Fridden am Joer 1991 kritt huet an haut Präsidentin vun deem Land ass, kann oder wellt net agreiwen – an dem Schrecken en Enn setzen.

D’Vereente Natiounen schwätzen esou guer vun der gréisster Flüchtlingskris déi et den Ament gëtt, an déi sech extrem séier entwéckelt.

An och hei setzt sech Letzbuerg staark derfir an, an huet schon iwwer 1 Millioun fir humanitär Hëllef an den Bangladesh op de Wee geschéckt.

Här Präsident

Ech ginn net méi weider op de Rapport vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef an humanitärer Hëllef an.

Den Här Minister Romain Schneider huet daat an aller Däitlechkeet gemaach an ech soen him Merci – am Numm vu menger Fraktioun.

Awer nett nemmen déi ugesprachen Kricher brengen desse Planéit un seng Grenzen – och de Klimachangement an seng fatal Konsequenzen.

An och hei sinn erem déi Ärmst vun den Armen, déi am meeschten ennert dessem Changement leide mussen.

Et ass onverstänneg, dass de Präsident vun den USA de Klimawandel als eng Utopie erklärt – an dobei sinn d’USA den 2. Emetteur vun klimaschiedlechen Dreiwhausgasen hannert China.

Am Juni 2017 huet de selwechte Präsident ugekënnegt aus dem Pareiser Klimaaccord erauszeklammen.

Kritiker soen allerdengs, daat wier net méiglech, zumindest juristesch gesinn ganz komplizéiert, well d’USA hu sech formell bis November 2020 u dem Accord verpflicht.

Nach geschter huet et geheescht, d’USA géifen och elo nach aus dem Flüchtlingsaccord erausklammen.

Et bleiwt nemmen ze hoffen, dass de mächtegsten Mann vun der Welt endlech agesäit, dass den eenzege Wee – eise Kanner an de kommenden Generatiounen – eng nohalteg Zukunft op desser Ärd ze erméiglegen -wann déi industrialiséiert Länner endlech hir Responsibiltéit iwerhuelen.

Här Präsident

An der Presse liest an héiert een leider nach vill ze vill negativ Schlagzeilen iwer d’Armut an den Honger, d’Krischer an d‘Naturkatastrophen, den Terror an de Misär.

Eng besonneg dramatesch Plo a regelrechten Däiwelskrees ass nach emmer d’Hongersnout an d‘Kannerstiewlechkeet.

6 Milliounen Kanner, dovunner d’Halschend Bebe’ën riskéieren bis zum Joer 2030 un Krankheeten ze stierwen, déi behandelbar sinn. Knaschtescht Waasser an schlecht Hygiène sinn hei d’Haaptuersaachen.

80 % vun deenen Stierwfäll betreffen d’Regiounen Subsahara an Südasien. Eleng an Indien an am Nigeria hunn d’lescht Joer 7.000 neigebuere Kanner, daat heescht déi manner wéi 1 Mount haaten, net iwwerliewt.

Ech wier awer net komplett wann ech net op déi dramatesch Situatioun am Jemen hiweisen giff, do sinn et bal 19 Miliounen Menschen, déi nett méi wëssen, wéi si iwerliewen – 1,9 Millionen Kanner leiden enner dessen extremen Zoustänn a vill vun hinnen dierften an de kommenden Wochen stierwen, wann keng massiv Hellef kënnt.

Laut dem 3. vun de 17 ODD-Ziiler, déi sech déi international Communautéit bis 2030 gesaat huet, soll d’Statistik vun 41 Kannerdoudesfäll op 1.000 Gebuerten op 25 reduzéiert ginn.

D’UNO warnt allerdengs dass verschidde Länner, virun allem an Afrika, staark an dëser Gesondheetsentwécklung hannendra leien, an wann dën Trend weider unhällt, méi wéi 60 Milliounen Kanner ënner 5 Joer tëschent 2017 an 2030, dorënner d’Halschend Bebe’en, stierwe mussen.

Et sinn sécherlech ganz vill Fortschrëtter a Punkto Gesondhéet och vun der OMS gemaat an et ville Mënschen gehollef ginn.

Et as awer bedauerlech, wann duerch Konflikter a Kriischer all déi Fortschrëtter nees futti gemaat ginn.

Ganz ënnen steet iwwregens déi Zentralafrikanesch Republik.

Jo, et gëtt guer net vun deem Land geschwaat. Do herrscht awer zënter 2013 e ganz schlëmmen Biergerkrisch an et leiden baal 60 % vun der Bevölkerung un Honger.

Et ass en Däiwelskrees, well den Honger Krankheeten, Armut an Flucht mat séch bréngt.

En anere Punkt – schwätzungsweis 2 Milliarden Mënschen kréien net déi wichteg Vitaminen a Mineralstoffer, déi de mënschleche Kierper brauch, fir ze wuessen an gesond ze bleiwen. Daat ass enorm an brengt eng immens grouss Fatalitéit mat sech.

Déi physesch Konsequenzen brauch een net wierklech ze erklären, déi sinn evident. Ma och op déi psychesch Gesondheet huet dësse Phenomen erhiewlech Konsequenzen, wéi Schwieregkeeten am Léieren, waat alt nees eng Kéier sech negativ op déi ganz Liewensperspektiv zréckschléit.

Fuerscher soen eis, dass d’Lutte géint den Honger mat Sécherheet d’Optioun ass, déi bei wäitem déi gréissten Plus-value hätt, well esou vill domat zesummenhänkt.

Duerch eng Investitioun vu ronn 100 € pro Kand am Joer kann éen déi chronesch Ennerernährung schon op 36 % eroofsetzen.

Doniewend kann desse Montant dem Kand och seng Schoul an sein Iessen bezuelen, esou dass et e wertvollt Element vun senger Gesellschaft gett.

Déi ganz Bevölkerung profitéiert vun der Situatioun, wann déi jonk Menschen durch eng gudd Ausbildung eng Arbechtsplaatz kréien an esou an dem ländleche Raum bleiwen.

Eng Visite um Terrain iwerzéegt eis, dass d’Ausbildung e wichtege Parameter an der Entwecklung an desse Länner ass – jo d’Elteren halen drop, dass hir Kanner an d’Schoul ginn an si et besser sollen hunn.

Am anere Fall wandere si an d’Slums vun der Groussstied aus an do herrschen zum dachsten desastréis Zoustänn.

E frappant Beispill erliewt éen, wann éen bei de Menschen am ländleche Raum ass, déi nach nett vill vun der internationaler Entwecklungshellef mat kritt hunn.

Duerch Kachen an Hëtzen kennt et zu der Verschmotzung vun der Loft an de Wunngengen, esou dass ongeféier 2,9 Milliounen Menschen duerch d’ Loftverschmotzung am Joer 2015 gestuerwe sinn.

Eng Prioritéit ass et démno – virun allem de Fraen – eng aner Kultur fir ze Kachen an ze Hëtzen unzebidden. D’Aféierung vun der “Marmite solaire” an modernen Heizuewen, dei manner Brennholz brauchen, sinn Elementer vun der nohalteger Entwecklung – an déi sech ei ONGen sur place erabrengen.

Doniewend ginn vill Schrëtter ageléet an daat iwert den Asatz vun dezentralen Photovoltaikanlagen fir d’Lous vun de Fraen an Médercher ze verbesseren.

En aval kreien déi jonk Méedercher eng gudd Educatioun an si wieren sech geint eng ze vill heich Kannerzuel. An den Dierfer leit dess Zuel oft bei 3 bis 4 – si kann awer och op 6 Kanner eropgoen.

Dierf ech drun erenneren, dass momentan 60 % vun der afrikanescher Populatioun manner wéi 24 Joer aal ass.

Wann et an Afrika durch Drechent, schlechte Waassermanagement, Landgrabbing, Misswirtschaft an Korruptioun neischt anescht wéi Hoffnungsloosegkeet fir Honnerte Milliounen Menschen gett, da machen déi sech op de Wée bei dei Leit dei an hiren Aen, an paradisesch Zoustänn liewen.

Si froen sech, firwaat nemmen 1 Milliard Menschen vun 7,5 Milliarden Menschen gudd liewt a mei wei 1 Milliard Menschen nach emmer Honger leide muss?

Ass et net dach pervers, an villäicht de gréissten Paradox deen d’Mënscheet kennt, dass op där enger Säit 2 Milliarde Menschen op dessem Planéit un Iwwergewiicht an 2 Milliarden Menschen un Mangelernierung leiden.

A net ze schwätzen vun deenen ganzen Quantitéiten vun Iesswueren, déi nach eweggehäit musse ginn, an op där aanerer Säit vun der Weltkugel sou vill Milliounen kleng Kanner un Honger leiden a stierwen well se keen Zougang zu den elementarsten Nährstoffer hunn.

Daat ass déi batter Realtitéit!

„An 13 Joer soll keen méi un Honger leiden“ – daat ass daat 2. Ziel vun der Agenda 2030. Wann een bedenkt, dass iwer 10 Milliarden Mënschen am Joer 2050 op der Ärd liewen, da muss éen sech awer froen, wéi daat goe soll.

Et muss méi produzéiert ginn fir dass all déi Leit, déi nach dobäi kommen, och genuch fir z‘iessen hunn.

Och déi Mënschen brauchen en adequaten Liewensraum, op deem en net nëmmen wunnen kann, mee och uplanzen an ubauen muss.

Wéisou packe mir et démno nett, den Honger ze éliminéieren? Ma kennt mengen, dei méi reich Menschen missten dach e Steck vun hirem Reichtum den Armen ginn.

Nemmen 1 %  an da verbleiwen hinnen der nach emmer 99 %.

Leider sinn et nach emmer zevill mënschlesch Konflikter, baséiert op Korruptioun an Machtgier, déi als Ursaach fir dess nefast Zoustänn ugeféiert kënne ginn.

Eleng d’Tatsaach, dass sech dei afrikanesch Populatioun vun haut 1,2 Milliarde Menschen op 2,5 Milliarden Menschen am Joer 2050 erheicht, verlaangt no enger besserer wirtschaftlecher an och sozialer Entwecklung.

An daat a de Bereicher: propper a gesond Waasser, eng schoulesch Ausbildung, Gesondheetsversuergung, efficace Infrastrukturen an mei Zougang zu der globaler Wirtschaft.

Duerfir – all €, deen mir effizient fir d’Lutte géint den Honger asetzen, erspuert net nëmmen vill Misär, mee kënnt am Endeffekt enger ganzer Gesellschaft ze gutt a verbessert d’Chancen vun der eruwuessender Generatioun –  finalement ass et eng win – win – situatioun fir eis alleguer.

Här Präsident

En aanert krasst Beispill ass déi erschreckend Ongläischheet am Räischtum op desser Welt.

Oxfam huet an enger Etude en Marge vun dem Sommet vun Davos matgedeelt, dass et momentan 8 Männer op dëser Welt gëtt, déi esou vill Verméigen hunn wéi déi 3,6 Milliarden arm Menschen – do eriwregt jidfer Kommentar.

A virun 2 Joer woren et der nach 62.

An dessem Zesummenhang ass et iwerhaapt nett nozevollzéien, dass 1 Prozent vun der Weltpopulatioun ronn 46 % vun dem globale Nettoverméigen an hiren Hänne hält oder 10 % vun der Weltpopulatioun iwwert ronn 80 % vun dessem Verméigen.

Desst Bild beweist d’Ongleichgewiicht a punkto Welthandel – Europäesch Unioun mat 500 Milliounen Menschen an Afrika mat 1.200 Milliounen Menschen.

An d’Handelsstréim ennerstreichen desse Fait, den EU-Afrika – Sommet zu Abidjan huet sech derfir ausgesprach, dass d’EU méi Handel mat Afrika muss organiséieren.

Afrika bedéelegt sech zurzeit nemmen mat 3 % um Welthandel – an et dierf nett esou weider goen, dass nemmen d’Naturressourcen aus dem Kontinent erausgrappt ginn.

Iwert den desatrösen landgrabbing well ech hei ké Wuert verléieren.

Et muss d’Fro gestallt ginn, wouhin dess Entwecklung histeiert, wann é wées, dass déi meeschten Mënschen déi an de kommenden Joerzingten op d’Welt kommen, an den ärmste Länner gebuer ginn.

Dëse Wuesstum bedeit och en zousätzlechen Drock op d’Emwelt an domadden op de Klima – daat ass keng einfach Equatioun.

An duerfir muss dëss Entwécklung an déi zukünfteg Entwécklungszesummenarbecht materafleissen – an déi muss méi kohärent an universell ginn.

Ech haat et schon ugeschwaat.

De Klimawandel riskéiert d’Haaptursaach fir Flüchtlingswellen an der Zukunft ze ginn. Et ginn emmer méi Naturkatastrophen – daat behaapten déi grouss Reckversecherungsgesellschaften, an déi mussen et jo wëssen.

Net nëmmen déi arme Géigenden vun eisem Planéit sinn vun dësse Katastrophen geploot.

Kuckt iech déi lescht Hurrikansaison an der Karibik un, wou Schied a Heicht vun Milliarden € entstaane sinn. Inselen, Dierfer a Stied sinn total vun der Landfläsch gefeegt ginn –d’Menschen hunn vun engem op deen aaneren Dag alles verluer.

An hei muss ech déi Lëtzebuerger Contributioun beim Tropensturm Irma an der Karibik erfirhiewen, déi mat hierer performanten Kommunikatiounsplatform emergency.lu an desse Katastrophegebidder an den Asaaz koumen an dofir gesuergt huet – de Réseau nées opzebauen.

An vläit ass d’Klimapolitik och daat beschte Beispill vun der ominéiser “Cohérence des politiques” op déi ech elo wollt ze schwätzen kommen, an déi jo wichtegt Element vun dem Lissaboner Vertrag ass.

Här President

Déi klassesch Coopératiounspolitik aus dem 20. Joerhonnert ass iwwerliewt an haut net méi an deem Sënn emsetzbar. Et kann een haut net méi eppes maachen, waat op där aanerer Säit nees verluer geet.

Hei muss eng kohärent Politik bedriiwe ginn, soss sinn all Effort’en fir d’Kaaz – Beispiller ginn et der genuch.

Ma déi Kohärenz spillt an allen Domainen – och an der Aussepolitik oder der Wirtschaftspolitik.

Wann een op där enger Säit de Klengbaurefamilljen déi neideg Mikrokrediter gett fir hier Eegeproduktioun vun Agrarproduiten unzekuerbelen an hinnen helleft autonom ze ginn – da kann et jo net sinn, dass et op där aanerer Säit Accorden mat hire Länner mécht, déi als Ziil hunn – d’Frais de douane ze reduzéieren.

Am Endeffekt fléissen dann déi westlech Produiten méi bëlleg an dess Länner an d’Entwecklung vun de lokalen an regionale Märt kennt enner d’Réeder.

Daat ass nu wierklech keng kohärent Politik – well si steiert an zwou diamétralement opposéiert Richtungen.

Déi eenzeg, déi hei gewannen, sinn erem déi reich Natiounen an déi bretzen sech dan mat hirem wuessendem BIP.

De Letzebuerger “Cercle de coopération des ONG de développement” weist och mat Nodrock op dëss Thematik an hirem Barometer hinn.

De Cercle begréisst, dass d’Regierung zënter dem Joer 2011 déi neideg efficace Efforen gemaach huet fir e.a. eng méi sozial verantwortlech Investitiounspolitik beim Pensiounsfong ze bedreiwen.

Hei gëtt kontrolléiert op d’Sociétéieten, an déi am Kader vum Pensiounsfong investéiert gett – de ethesche Kritären entspriechen – anerefalls ginn schwaarz Lëschten opgestallt.

Trotzdem bleiwt nach villes ze maachen, fir den Exigencen vun der Agenda 2030 Rechnung ze droen.

E Musterschüler an dessem Bereich ass Norwegen, daat alles aus dem Pensiounsfong erausgeholl huet, waat an iergendenger Contradictioun mat den Entwécklungszieler steet.

Reprochéiert gëtt awer, dass Lëtzebuerg de Kontrollmechanismus vun méiglechen Inkohärenzen an den verschiddenen Politiken nach net op d’Been gesaat huet.

An déem Zesummenhang soll drun erennert ginn, dass de CID – e wichtegt Instrument – fir eng méi kohärent Politik ze maachen, vun der leschter Regierung an d’Liewen geruff gin ass.

Et ass awer esou, dass zënter dem Untrëtt vun der Regierung 2013 do net weider vill geschitt ass.

D’OCDE bedauert an hirem Rapport, dass et keng Kontrollinstanz gëtt, déi och „en aval“ d’Politiken op hier Kohärenz evaluéieren kann.

Et ass natirlech net einfach, alles vun engem op deen aaneren Daag sou gerecht wéi méiglech emzesetzen, mee mir ennerstëtzen och d’Effort’en vun der Regierung fir op deem Wee weider ze goen.

D’CSV wier frou, wann den Här Minister eis vläit Präzisiounen iwert dessen Dossier – dem Kontrollmechanismus – kéint ginn.

Här President,

Niewend de Sujeten, déi ech hei ugesprach hunn, wollt ech nach éen abrengen, dé secher an eise Länner net direkt sichtbar ass – awer a villen Entwecklungslänner.

Niewt de Krischer, der Verfollegung oder de Klimakatastrophen ginn et nach aner Ursaachen, déi Menschen dozou bréngen, hir Héemecht ze verlossen.

Et sinn déi geféierlech an ganz diskriminéiernd Traditiounen an enger Rei vu Länner wéi  d‘Zwangsbestiednisser, d‘Beschneidung an déi häuslech Gewalt, déi virun allem jonk Fraen befaalen – an déi all Chance op eng brutal Art a Weis geholl kréien, sech ze entfaalen.

Duerch den Engagement vun villen ONGen um Terrain kréien vill Médercher a jonk Fraen eng gudd Steip, siew et duerch eng Ausbildung, esou dass si net méi esou ofhängeg vun hire Männer sinn.

Eleng duerch d’Opstellen vun dezentralen Photovoltaikanlagen gett déi néideg elektresch Energie beréetgestallt fir d’Educatioun an fir d’Bedreiwen vun e.a. Waasserpompelen an Käremillen.

D’Liewensqualitéit vun den Méedercher an Fraen gett esou massiv erhéicht.

Si setzen sech en aval verstärkt duerfir an, hire Kanner déi  Erzéihung unzebidden, esou dass hir Duerfgemeinschaft méi Profit huet.

Esou kënnen si mat hirem Wëssen eng „Cité jardinière“ op engem zougesdéelten Terrain an hirem Dierf uléen, déen si mat hirer Famill bestelle kann.

Mat Hellef vun den ONGen ginn Pëtzer gebuer a Stengmaueren geint Iwerschwemmungen an der  Réenperiode gebaut.

Här President

An dessem Zesummenhang muss och en Appel un déi international Communautéit geriicht ginn, fir déi traditionnell Coopératiounshëllef ze hannerfroen an nei opzestellen.

Wéivill Besipiller ginn et – wou gemengt gouf, et hätt een villes gemaach an erreescht, wann e puer Milliounen € an ënnerentwéckelt Länner erapompelt goufen, déi awer dann an der Korruptioun ënner gaang sinn – an de Leit um Terrain quasi näischt bruecht huet.

D’Menschen an Afrika sinn houfreg a soen eis, dass si gären op eng Finanzhellef vun der riedser Hand verzichte wëllen, wann dei lenk Hand hinnen daat 2fach klaut.

Et dierf an et kann nett sinn, dass Kapital aus dem Süden – weder illegal nach illegitim an den Norden fléisst.

Wéi soll éen de Menschen an den armen Länner erklären, dass vun den ronn 150 Milliarden € fir d’Entwecklungszesummenarbecht der ronn 50 Milliarden € erem zereck an déi reich Länner fléissen – wou déi dach esou wichteg fir hir Entwécklung wieren.

Et ass duerfir wichtig, dass et zu strukturellen Verännerungen an de wirtschaftleche Conditiounen komme muss e.a. a Richtung vun dem Ofbau vun den Handelsbarrieren fir d’Exporter vun Färdegprodukter aus den Entwecklungslänner – esou dass och si eng plus-value an hirer Wirtschaft verzéechne kënnen.

An deem Kontext ass vu Kritiker bemängelt ginn, dass bei den G20 Meetingen, wann iwwer déi nei Orientatioun vun der Entwécklungspolitik debattéiert gëtt, eingentlech ni en afrikanescht Land, waat vun desser Politik am méeschten  betraff ass, mat um Dësch setzt.

Dëst géiff nämlech erlaaben, dass een iwwer Eegeninitiativen mat den concernéierten Länner schwätzen kënnt an mat hinne zesummen eng verbessert Gouvernance opbaue kann.

Mir ennerstëtzen all Efforten, déi de Minister ennerhëllt, fir z. B. d’Uni Lëtzebuerg an déi verschidden Fuerschungsinstituter nach méi ze engagéieren – fir Technologien ze entwéckelen, déi de Menschen an den Entwécklungslänner déngen.

E weidere Punktan der OECD hierem Recommandatiounen ass de Riskmanagement, déen net ëmmer am Aklang mat der Fragilitéit vun de verschiddenen Länner oder Regiounen ass.

Lëtzebuerg ass z. B. staark an der Sahelzone präsent, wier démno gudd plazéiert fir an déne méi empfindlechen Plaazen ze schaffen.

Duerch en „early warning system“ kënnten d’Risiken méi fréi erkannt ginn a et kënnt méi schnell reagéiert ginn – notamment a méi vulnerabele Regiounen.

D’Uwuessen vun der Sahara no Süden an d’Reductioun vun den Agrarflächen kënnten méi frei erkannt ginn an de Reboisement kënnt eng Brems bedeiten.

Dess Ennerstëtzung erlabt hinnen, déi Féler, déi di reich Industrielänner an der Vergangenhéet a punkto Klimawandel gematt hunn, ze evitéieren –  mir schwätzen vun dem Leap-frogging.

A propos bewierken – do wëll ech den Här Antonio Guterres, den Generalsekretär vun der UNO am Zesummenhang mat dem Klimawandel zitéieren.

Hie soot, dass d’Menschhéet – wann si keng dringend Remedur aléet – amgangen ass, d’Temperatur vun der Atmosphär op méi wéi 3 Grad ze erheichen. An dobei musse mir deitlech ennert der Erwiermung vun 2 Grad C bleiwen.

Déi am méeschte ennert  de Konsequenzen leiden – sinn déi ärmst vun den Armen an den Entwecklungslänner.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Här Minister

Zum Schluss vun mengem Discours well ech nach drop hiweisen, dass d’Entwécklungszesummenarbecht en anert Gesiicht muss kréien – et muss méi op d’Qualitéit wéi op d‘Quantitéit gesaat ginn.

Dëst wëll awer net héeschen, dass mir der Meenung sinn de Budget fir d’Entwécklungszesummenarbecht ze reduzéieren  – né –  daat wier e falsche Message.

Et ass d’Art a Weis, wéi, wou a bei wiem déi Suen agesaat ginn, déi iwerduercht muss ginn.

Et muss een de Mënschen – dénen et manner gudd geet – weisen, dass et eis net egal ass, waat am Rescht vun der Welt geschitt an dass een spontan, gezielt a kohärent wëll eng Hand upaacken – fir dass et zu der gefuerderter win-win-Situatioun kennt.

Wann et eis éscht gemengt ass, d’Ziiler vun der Agenda 2030 esou weit méi méiglech ze erfëllen,  da musse virun allem d’Liewensbedingungen vun Honnerte Milliounen Menschen a ganz besonnesch an Afrika verbessert ginn.

Nëmmen den onermiddlechen Asatz geint déi onbarmhärzeg Ausbeutung an d’grasséirend Korruption op alle Fronten – erlabt et de Menschen dei sozial Léeder eropzeklammen.

Mat vill Nodrock wlle mir eis asetzen, dass d’Wonnen vun der joerhonnertelanger Versklavung – an déi di afrikanesch Séil schwéier beschiedegt huet – schnell héelen.

Aus der Perspektive vun der menschlecher Entwecklung well ech duerfir am Numm vun der CSV-Fraktioun der Letzebuerger Entwecklungszesummenarbecht mat de mannerbemettelten Menschen an den Entwecklungslänner eng ganz gudd Note ausstellen.

Si erlabt et ville Menschen a Freihéet ze liewen an si kréen déi Chancen fir sech a Würde ze entfaalen.

Do wou eng extrem sozial Ongerechtegkeet herrscht,  kënnt et zu Onrouen an zu enger politescher Destabiliséierung, déi an alle Wenkelen vun dessem Planéit ze verspiere sinn – mat der Konsequenz, dass de Fridden a Gefor ass.

Et muss duerfir eise gréisste Wonsch sinn, de Gruew teschend den armen an de reichen Menschen esou schnell wéi méiglech ze verklengern.

Well daat ass den eenzege Wé, dass Gerechtegkeet an Menschlechkeet erem d’Iwerhand huelen – d’Viraussetzung fir e friddlecht Matenéen.

A mat engem Zitat vun dem Immanuel Kant well ech dess Ried schleissen

“Reich wird man nicht durch das, was man besitzt,

sondern mehr noch durch das,

was man mit Würde zu entbehren weiss.

Und es könnte sein, dass die Menschheit reicher wird,

indem sie ärmer wird, und gewinnt, indem sie verliert.”

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.