Réckbléck: CSJ Schüler a Studenten op der Foire de l’étudiant

Och dëst Joer waren d’CSJ Schüler a Studenten mat engem Stand op der Foire de l’étudiant vertrueden. Nieft den interessante Gespréicher mat ville Jonken an engem Interrail-Fotoconcours stoung e Facebook-Live-Interview mam Claude Wiseler, CSV-Fraktiounspresident an nationale Spëtzekandidat, bei der CSJ am Mëttelpunkt vun de zwee Deeg.

v.l.n.r.: Claude Meiers, Yannick Glod (CSJ-Generalsekretär), Stefano Polignano, Alex Donnersbach (President CSJ Schüler a Studenten), Julie Dupont, Françoise Kemp

De Parteipresident Marc Spautz an d’CSV-Vizepresidentin Martine Hansen um Stand mat de CSJ-Vertrieder Julie Dupont, Yana Lang an Alex Donnersbach.

De Fraktiounspresident Claude Wiseler am Gespréich mat interesséierte Schüler.

Facebook-Live-Interview mam Claude Wiseler

30 Joer Erasmus Plus – Interrail-Fotoconcours: Discover Europe!

D’CSJ Schüler a Studenten haten op der Foire ee klenge Fotosconcours lancéiert. Ze gewanne ginn et eng Koppel Interrail Ticket‘en am Kader vun 30 Joer Erasmus Plus. Déi Foto mat deene meeschte „Likes“ op Facebook gewënnt. Ënnerstëtzt äre Favorit mat engem Like! De Concours leeft vum 20.-26. November #ErasmusPlus #CSJ #DiscoverEU

Déi ganz Fotogalerie kënnt dir hei kucken.