Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen

Réponse à la question N° 3245 (Question écrite) de Monsieur Serge Wilmes, Député concernant Reconnaissane de la culture de la fête foraine en tant que patrimoine national, par Monsieur Xavier Bettel, Ministre de la Culture: QP 3245

Här Chamberspresident,

esou ewéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech dës Froen iwwert eng Unerkennong vum Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen un den Här Kulturminister ze ginn.

D’Schueberfouer huet hir Dieren nees opgemaacht. Et ass well déi 677. Editioun vun engem Evenement, dat sech iwwert d’Joerhonnerte vun engem mëttelalterleche Joermaart zu engem vu deene gréissten a modernste Volleksfester aus Europa entwéckelt huet. D’Schueberfouer ass an engems méi wéi ee grousst Fest. Et ass eng lëtzebuerger Traditioun, ee kulturellt Evenement dat enk mat der Stad an dem Land verbonnen a wäit iwwert ons Grenzen eraus bekannt a beléift ass. Een Evenement op deem ee ganz bestëmmte Patrimoine gelieft a weider gedroe gëtt. De Patrimoine vun onse Volleksfester a Kiermessen an de Patrimoine vum Forainswiesen.

Ons franséisch Noperen hunn viru kuerzem ee wichtege Schrëtt gemaach an d’ « culture vivante de la fête foraine »  op hir national Lëscht vum immateriellen, kulturelle Patrimoine gesat. Bei onsen däitschen a belschen Nopere ginn et ähnlech Iwwerleeongen.

Och zu Lëtzebuerg ginn et Historiker déi sech zënter Joere mam lëtzebuerger Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen auserneesetzen an sech dofir engagéieren dat dës offiziell unerkannt an a Form vun engem ëffentlechen Dokumentatiounszenter a Musée anstänneg dokumentéiert, opgeschafft, erhalen an en valeur gesat ginn. Esou ee Musée wier och déi richteg Plaz fir historesch Kiermesmanègen a Forainsmaterial auszestellen an dëst als materielle Patrimoine unzëerkennen, ze schützen an z’erhalen.

An Däitschland gouf eréischt virun enger Zäitche fir d’zweete Kéier ee nostalgescht Riserad als mobilt Monument ënner Denkmalschutz gestallt. An och hei heem ginn et Lokalpolitiker, déi sech an hire Gemengen dofir engagéieren, dat historesch Manègë fir de grand public erhale ginn. Nëmmen esou kënnen dës Zeie vun onser Kultur, Sozial- an Industriegeschicht weiderliewen.

An deem Kader géif ech dem Här Kulturminister gären dës Froe stellen :

  • Deelt den Här Minister meng Meenong, dat esou ewéi dat a Frankräich gemaacht ginn ass, och hei zu Lëtzebuerg, ons Volleksfester a Kiermessen, d’Forainswiesen, historesch Manègen a Forainsmaterial, national als immateriellen a materielle Patrimoine unerkannt solle ginn ? Wa jo, ass d’Regierong prett déi néideg Demarchen dofir ze maachen ?
  • Deelt den Här Minister meng Meenong, dat niewent enger Unerkennong als nationalen immateriellen a materielle Patrimoine, zu Lëtzebuerg een ëffentlechen, lëtzebuergeschen an europäeschen Dokumentatiounszenter a Musée geschafe soll ginn, fir d’Volleksfest-, d’Kiermes- an d’Forainswiese wëssenschaftlech ze dokumentéieren, opzeschaffen an z’erhalen an fir historesch Kiermesmanègen a Forainsmaterial ze sammelen, ze schützen an z’erhalen ? Wa jo, ass d’Regierong prett esou ee Projet matzedroen an finanziell ze stäipen ? Géif d’Regierong mat hëllefen, een appropriéierten, gutt accessibele Site fir esou ee Projet ze sichen ?

Här Chamberspresident, mat mengem déifste Respekt,

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck