600 CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen 2017

D’CSV trëtt 2017 an alle 46 Proporzgemenge mat enger Lëscht bei de Wahlen un. Domatter stellen sech den 8. Oktober 600 engagéiert CSV-Kandidaten de Wielerinnen a Wieler, dorënner:

  • 227 Fraen (38%) a 373 Männer (62%)
  • 98 jonk Kandidaten (16 %) (eleng an de Proporzgemengen)
  • 345 nei Kandidaten a 255 Kandidaten, déi schonns 2011 mat an d’Gemengewahle waren

Dëst hunn de Generalsekretär Laurent Zeimet an de Parteipresident Marc Spautz haut bei der Presentatioun vun der CSV-Wahlcampagne matgedeelt.

Eis Gemenge liewen. CSV wielen.

Politesch wäert all CSV-Sektioun an den nächste Wochen hiren eegene Programm presentéiere fir de lokalen a spezifeschen Uléies vun der Gemeng gerecht ze ginn.

Wichteg wär awer, esou de Laurent Zeimet, datt bei de grousse Prioritéiten eng Kohärenz tëschent dem nationalen an dem lokalen Niveau assuréiert ass. Dofir wäert sech déi national Gemengewahlcampagne op dräi grouss Schwéierpunkte konzentréieren. Esou trëtt d’Partei an trieden d’CSV-Kandidaten un:

  • 100% engagéiert fir eis Kanner
  • 100% engagéiert fir d’Mobilitéit
  • 100% engagéiert fir bezuelbart Wunnen.

Fir Gemengen, déi liewen an an deenen et sech gutt liewe léisst.