Wéi kann déi sozial Mixitéit an alle Géigende gestäerkt ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un d‘Hären Finanz-, Wirtschafts-, Educatiouns- an Inneminister, sou wéi den Här Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen weiderzeleeden.

An enger rezenter Etüd vum nationale Statistikamt, dem Statec, goufe grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen a punkto sozio-ekonomeschen Index festgestallt. Des Ënnerscheeder sollen sech laut Statec an de leschten Joren nach verstäerkt hunn. De Statec erkläert weider, dass :

« Une spirale défavorable est à l’œuvre en matière de développement spatial, qui tend à accentuer les processus ségrégatifs. Les territoires les plus prisés tendent en effet à attirer les populations les plus favorisées, qui vont renforcer davantage leur réputation. A l’inverse, les populations les moins favorisées tendent à se concentrer dans des territoires moins attractifs, mais également plus accessibles en termes de coûts. »  

Dës Evolutioun géif déi sozial Mixitéit am Land menacéieren.

Aus der Statec-Etüd geet och ervir, dass déi Gemengen mat engem favorabelen sozio-ekonomeschen Index am Anzuchsgebitt vun der Stad Lëtzebuerg leien. Vun de 15 bescht klasséierte Gemengen leien der 6 am Kanton Lëtzebuerg, 4 am Kanton Grevenmacher, 3 am Kanton Capellen an 2 am Kanton Esch-Uelzecht. Frappant ass, dass sech keng Nord-Gemeng ënnert de 15 Éischte befënnt. Ierpeldeng-op-der-Sauer schneit op der 30. Plaz als stäerksten Nord-Gemeng of.

Weider kann ee feststellen, dass duerch d’Gemengefinanzreform déi Gemengen, déi de schwächsten sozio-ekonomeschen Index opweisen, alleguer eppes bäikréien. An der Kategorie vun de Gemengen, déi a Saachen sozio-ekonomeschen Index am zweetschlechsten ofschneiden, do kréien och all Gemengen eppes bäi, ausser eng hallef-dosen Gemengen am Norden vum Land.

Ähnlech huet et schonn am Bildungsbericht 2015 geheescht, wou den ISEI, dat heescht International Socio-Economic Index of Occupational Status pro Gemeng verglach gouf. Dëse stellt dann och fest, dass :

Ein großer Teil der befragten Familien im Norden sowie der Minettgegend im Süden des Landes stehen sozioökonomisch schlechter dar als diejenigen im Zentrum rund um Luxemburg-Stadt.“

Ech wéilt duerfir folgend Froen un d‘Häre Ministeren riichten:

  • Wéi gesäit d’Regierung d’Bedeitung vun der “sozialer Mixitéit” an allen Géigenden vum Land?

  • Wat gedenkt d’Regierung ze maachen fir déi sozial Mixitéit an allen Géigenden vum Land ze stäerken?

  • Wat gedenkt d’Regierung ze maachen, fir de Gemengen mat schwaachem sozio-ekonomeschen Index ze hëllefen?

  • Wat gesäit d’Regierung konkret fir déi „schwächste“ Gemengen a punkto Aarbechtsplazen vir, och wat déi sougenannten „professions à haut niveau“ ubelaangt? Wéi gedenkt d’Regierung d’Attraktivitéit vun deene Gemengen soss nach ze steigeren?

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen
Députée