Wéi muss eng Rettungsgaass bei engem Accident forméiert ginn ?

Réponse à la question N° 3138 (Question écrite) de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Députée concernant Voie d’urgence, par Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures QP 3138

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Bilde vu Rettungsgaassen un den Här Minister fir Nohaltegkeet weiderzeginn.

An Däitschland ass eng Diskussioun iwwert d´Wichtegkeet vu Rettungsgaassen opkomm nodeems an engem Busaccident am Juni 2017 18 Mënsche gestuerwe sinn. D´Rettungsdéngschter si Berichter no gehënnert gi vir séier op d´Plaz vum Accident ze kommen. De Grond heivir soll déi schlecht Bildung vun enger Rettungsgaass gewiescht sinn. Di däitsch Autoritéiten denken elo doriwwer no hir Gesetzer ze verschäerfen an eventuell méi streng Sanktiounen an ze féiere bei da Ofwiesenheet vun enger Rettungsgaass.

An deem Kader, wollt ech dem Här Minister fir Nohaltegkeet dës Froe stellen:

  • Ginn et genau Uweisunge vum Ministère wéini eng Rettungsgaass muss forméiert ginn? As dëst de Fall bei all Zort vu Stau oder nëmme wann Sireenen ze héiere sinn?
  • Wei muss sou eng Rettungsgaass si fir dass eis Rettungsdéngschter séier op d´Plaz kommen?
  • Gesinn eis national Gesetzer Sanktioune vir bei enger net Anhalung vun de Rettungsgaassen? Wa jo , wéi eng?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto

Députéiert

Zréck