Méi Verkéierssécherheet durch faarflech Ëmgestaltung vum Stroossebelag ?

Réponse à la question N° 3152 (Question écrite) de Monsieur Aly Kaes, Député concernant Sécurité routière, par Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures:QP 3152

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Verkéierssécherheet un den Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

Op de meeschte Platzen hei am Land ginn Auto, Camion a Motorrad-Chaufferen duerch Uertsschëld drop opmierksam gemaach dass se an eng Uertschaft erafueren an deementspriechend hir Vitesse unzepassen hunn.  Fir déi verschidde Chauffere besser op dës Situatioun opmierksam ze maache kéint een een Deel vum  Stroossebelag virun engem Uertsantrett faarflech sou  ëmgestallten, sou dass ee kloer visuell gesäit dass een an een Duerf erafiert. Sou ee System kéint een am ganze Land  eenheetlech aféieren a reegelen (op Chemins Repris an Nationalstroossen) mam Ziel vun enger besserer Visibilitéit a Verkéierssécherheet.

An deem Kontext woll ech dem Nohaltegkeetsminister folgend  Froe stellen :

  • Wat hält den Här Minister vu sou enger Idee ?

  • Wei kennt sou eng faarflech Ëmgestaltung ausgesinn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Ali Kaes

Deputéierten

Zréck