Geet d’Zuel vun de Kanner, déi fräigeschwomme sinn erof ?

Réponse à la question N° 3141 (Question écrite) de Madame Nancy Arendt, Députée concernant Brevet de natation, par Monsieur Romain Schneider, Ministre des Sports, Monsieur Claude Meisch, Ministre de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse :QP 3141

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den Réckgang vu séchere Schwëmmer un den Här Minister fir Bildung an un den Här Minister fir Sport weiderzeginn.

Eng ausgeglachen physesch Aktivitéit ass wichteg vir d´Entwécklung vun eise Kanner. Et huet sech an den leschte Jore leider erauskristalliséiert, dass vill Kanner net méi richteg schwamme kënnen. Während Vakanzenaktivitéiten oder wann d‘ Eltere selwer mat den Kanner an d‘ Vakanz fuere stinn oft Aktivitéiten am Waasser um Programm. Eng Studie an Däitschland, di vun der “Deutsche Lebens-Rettungs-Gesellschaft” an Optrag gi ginn as, huet elo erausfonnt, dass bei eisen Noperen 59% vun den zéngjäregen Kanner kee Fräischwëmmer hun. Dësen as noutwendeg vir sech als séchere Schwëmmer auszezeechnen.

 

An deem Kader, wollt ech dem Här Minister fir Bildung an dem Här Minister fir Sport dës Froe stelle

  • Wéivill Prozent vun eise Kanner hun den Certificat vum Fräischwëmmer vum FLNS (Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage) gemaach hei am Land?
  • Ginn et Tendenzen, dass d´Erreeche vun sou engem wichtegen Ofzeechen erofgeet? Wa jo, wat gedenken di zoustänneg Ministeren dogéint ze ënnerhuelen?
  • Ënnerhëlt d´Regierung speziell Moossnamen virun da grousser Vakanz vir dass eis Kanner sécher schwamme léieren?
  • Offréieren eis Schwämmen genuch Schwammcoursen un fir d´Ofzeechen vum Fräischwëmmer ze man, dëst en Kollaboratioun mam FLNS ?
  • Hunn d´Elteren genuch Informatioune fir hir Kanner an engem Schwammcours un ze mellen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifsten Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt

 

Zréck