Froen zu de landwirtschaftleche Flächen, déi den MDDI kaaft huet

Réponse à la question N° 3143 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée concernant Utilisation des surfaces agricoles, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, Monsieur Pierre Gramegna, Ministre des Finances:QP 3143

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den Opkaf vu landwirtschaftleche Flächen un den Här Landwirtschaftsminister, un Madame Minister fir Ëmwelt an un den Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

De Buedem ass dem Bauer säi wichtegste Produktiounsfaktor. Duerch d’ Urbaniséierung an aner Moossname geet ëmmer méi Land verluer sou dass den Drock op de Bauer ëmmer méi grouss gëtt. Bei den Assises agricoles hat Regierung ënnert anerem festgehalen de Landverbrauch ze bremsen.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister, der Madame Minister fir Ëmwelt an dem Nohaltegkeetsminister dës Froe stellen :

  • Wéi vill Hektar landwirtschaftlech Flächen huet de Ministère du Développement durable et des Infrastructures an dëser Legislaturperiod bis elo kaaft?
  • Wéini sinn dës Terrain’ en kaaft ginn?
  • Wou befannen sech des Flächen?
  • Wéi vill Prozent vun den akaafte Fläche leien an enger Schutzzone ?
  • A wéi enge Schutzzone leien des Terrain’ en?
  • No wéi enge Critèrë ginn des Flächen eraus gesicht?
  • Zu wéi engem Zweck sinn des Fläche kaaft ginn?

Verschidde vun dëse Fläche gi verpacht. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un Regierung stellen :

  • No wéi enge Critèrë gëtt de Pächter fir des Flächen erausgesicht?
  • Kréie prioritär Jongbaueren oder Baueren aus der direkter Ëmgéigend vun dëse Flächen den Zouschlag?
  • Wéi gëtt Transparenz garantéiert  sou datt all Interessent sech kann als Pächter mellen?
  • Wéi héich sinn d’ Pachtpräisser?
  • Gëtt et een eenheetleche Präis am Land? Wann neen – firwat net?
  • Ginn vun der Säit vum Ministère du Développement durable et des Infrastructures Contrainten an de Pachtvertrag gesat? Wann jo, wéi eng?
  • Kënnen déi Flächen, déi net an enger Schutzzone leien, weiderhi genotzt ginn, wéi bis elo – an dëst am Sënn vun den assises agricoles, oder mussen/sollen déi och a spezielle Programmer mat maachen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck