CSV-Summerfest 2017

D’CSV ass motivéiert a prett fir d’Gemengwalen den 8. Oktober – dëst huet d’Summerfest vun der Partei zu Hesper kloer ënnerstrach.

De Parteipresident Marc Spautz, de Fraktiounspresident Claude Wiseler an de Generalsekretär Laurent Zeimet hunn dofir alle Memberen a Kandidaten e grousse Merci ausgeschwat. Merci fir den Engagement, déi formidabel Aarbecht, d‘Ënnerstëtzung an den Zesummenhalt.