Hëllef fir d´Baueren wéinst aktueller Dréchent ?

Réponse à la question N° 3051 (Question écrite) de Monsieur Aly Kaes, Député concernant Sécheresse, par Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs: QP 3051

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi aktuell Dréchent un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeginn.

Wéinst der aktueller, extremer Dréchent an dem Ausbléiwe vun Nidderschlag an de läschte Wochen a Méint, sinn zu dësem freien  Zäitpunkt am Joer schon eng sëllech Quellen a kleng Waasserleef versickert an deenen sech Véi op de Weide versuergt hunn. Doduercher, dass Véi an dëse waarmen Zäiten och méi ee grousse Waasserverbrauch huet, musse Landwirt zousätzlech Waasser bei hier Béischte féieren, wat een zousätzleche Käschtepunkt fir de Landwirt duerstellt. Dobäi kennt, dass vill Baueren oft net iwwert dat néidegt Equipement, spriech Waasserfässer verfügen, déi am Moment awer gebraucht gi fir Béischten adequat kennen ze versuergen. Och dëst stellt een zousätzleche Käschtepunkt fir de Bauer duer.

An deem Kader, wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen :

  • Ass den Här Minister sech der uewegenannter Problematik bewosst?
  • Huet de Minister wëlles de betraffene Baueren eng Ënnerstëtzung zoukommen zeloossen ?
  • Wann jo – wéi kennen dës Hëllefen ausgesinn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Ali Kaes

Députéierten

Zréck