Keng Diskriminéierung vun eeleren a behënnerte Leit bei Assurancen

D’Sylvie Andrich-Duval huet an der Chamberkommissioun een Amendement zu engem Gesetz (7102) proposéiert fir ze verhënneren, dass eeler oder behënnert Leit beim Ofschléisse vun enger Assurance kéinten diskriminéiert ginn.
Op CSV-TV erkläert d’CSV Deputéiert wat genee gemengt ass a firwat d’Majoritéit den Amendement vun der CSV verworf huet.