Ee Joer nom Zoumaache vu 35 Postbüroen : Wéi geet et weider ?

Réponse à la question N° 2862 (Question écrite) de Monsieur Félix Eischen, Député concernant Fermeture de bureaux de poste, par Monsieur Etienne Schneider, Ministre de l’Economie: QP 2862

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, folgend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeginn.

Den 11. Abrëll 2017 ass et ee Joer hier, dass d’Post 35 vun hire 97 Postbüroen zou gemaach huet. Et ass deemno un der Zäit, een éischte Bilan ze zéien. Rezent stoung an der Press, dass nach méi Fermeturë vu Postbureauen op eis zou komme wäerten. Laut Aussoe vun der Direktesch vu Post Courrier virum Personal aus dem Reseau Vente am Hierscht 2016 gëtt vun enger Reduktioun op just nach ongeféier 15 Postbüroe bis 2025 geschwat. Deemno wier et wichteg, dass den Här Wirtschaftsminister d’Zukunftspläng vun der Post duerleeën an erkläre géif, besonnesch fir net all déi betraffen Acteuren ze iwwerraschen. An dem Kontext well ech drun erënneren, dass d’Post sech 2008 verflicht hat, am Virfeld vu der Fermeturë mat de Gemengen ze schwätzen. Genau dat ass awer Enn 2015 net geschitt. Den 3. Dezember 2015 hat d’Post Decisioun geholl, a eréischt de 7. Januar 2016 goufen d’Gemengen op eng Informatiounsversammlung invitéiert, a virun de Fait accompli gesat.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen:

  • Wat ass mat de Gebaier vun de betraffene 35 Postbureaue geschitt ? Wéivill vun deene Bureauen hunn der Post gehéiert ?
  • De 9. Dezember 2015 hat de Wirtschaftsminister der d’CSV an der Chamber geäntwert, d’Post géif sech mam Syvicol zesumme setze fir ze kucken, wat mat deene Bureauen a Gebaier geschitt. Wat ass dobäi erauskomm ?
  • Den Här Minister hat versprach, et géif een sech mam Wunnengsbauministère zesumme setzen, fir eventuell soziale Wunnengsbau an deene concernéierte Gebaier ze realiséieren. Ass dat geschitt ? Falls jo, wéini a wéivill där Reunioune goufen et ? A wat ass d’Resultat vun deene Reuniounen?
  • Kann den Här Minister déi genannten Aussoe vun der Direktesch vu Post Courrier confirméieren? Ginn et effektiv Pläng, wou a wéini weider Bureaue sollen zougemaach ginn ?
  • Grad dëst Joer ass et wichteg, dass sech d’Gemenge laangfristeg op déi zukünfteg Changementer astelle kennen. Ass den Här Minister net der Meenung, dass et endlech un der Zäit wier, fir eng kloer Strategie virzeleeën, wei et an deene nächsten 10 Joer mam Reseau vun de Postbureaue weider geet?
  • Wier et méiglech, dass den Här Minister eng Lëscht géif virleeën, mat den aktuell nach bestoende Postbureauen an hire Proprieteitsverhältnisser, souwéi mat de 35 Postbureauen déi zougemaach goufen a wat mat deene geschitt ass?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Félix Eischen

Députéierten

Zréck