Marc Spautz um EVP-Sommet zu Bréissel

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz huet haut um EVP-Sommet deelgeholl. D’Europäesch Vollekspartei ënnerstëtzt unanime den Donald Tusk fir d’Fortsetzung vu sengem Mandat am europäesche Rot. D’Weissbuch vum Jean-Claude Juncker, di allgemeng Situatioun an Europa an den EVP-Kongress Enn Mäerz op Malta ware weider Punkten.