Inkohärenzen um Niveau vun den Awunnerzuelen

Réponse à la question N° 2773 (Question écrite) de Monsieur Marc Lies, Député concernant Registre des personnes physiques, par Monsieur Dan Kersch, Ministre de l’Intérieur: QP 2773

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den Persouneregëster un den Här Inneminister weiderzeginn.
An der leschter Zäit war de nationale Persouneregëster an der Aktualitéit well Awunnerzuelen aus dem selwechten net mat deenen aus dem kommunale Persouneregëster iwwereneen gestemmt hunn. Kennt derbäi dass och de STATEC Awunnerzuelen ermëttelt. Sou gëtt zum Beispill als Berechnungsbasis vum ICC op Zuelematerial vum Statec zréckgegraff. An dësem Kontext kommen dann awer erstaunlech Ënnerscheeder an der Awunnerzuel op den Dësch déi sech nëmme schwéier erklären loossen. Sou gëtt den ICC fir d’Stad Lëtzebuerg op eng Awunnerzuel gerechent déi laut Statec op den 1.1.2016 bei 115.227 Awunner läit. Um City Breakfast huet d’Stad Lëtzebuerg selwer deklaréiert sie hätten op den 31.Dezember 2015 110.499 Leit enregistréiert gehat. Dat wier eng Differenz vu bal 5000 Leit ! Um City Breakfast vum 25. Januar 2017 deklaréiert d’Stad Lëtzebuerg datt op Enn 2016 – 114.090 Leit enregistréiert wieren. Och dat ass nach ëmmer een Ënnerscheed vun iwwer 1000 Leit.
An deem Kader, wollt ech dem Här Inneminister dës Froe stellen :

Wou kommen des Inkohärenzen um Niveau vun den Awunnerzuelen hier ?
Wei ermëttelt de Statec Zuelen déi der Berechnung vum ICC zu Grond leien ?
Laut mengen Informatioune leien Zuele vum Statec bei der Berechnung vum ICC bei all de Gemengen (ausser der Stad Lëtzebuerg) ënnert deenen, déi d’Gemengen an hirem kommunale Regëster stoen hunn an déi aus dem « Gescom » ermëttelt ginn.
An deem Kader, wollt ech dem Här Inneminister folgend Froe stellen :
Envisagéiert de Minister datt d’Berechnung- a Ermettlungsbasis vun der Awunnerzuel an all de Gemengen harmoniséiert gëtt ?
Wa net, firwat well de Minister net op sou ee Wee goen ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies
Députéierten

Zréck