Ennerschiddlech Zuelen am nationale Register par Rapport zum kommunale Register

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer ënnerschiddlech Zuelen aus dem nationale Register par rapport zum kommunale Register un den Här Inneminister weiderzeginn.

An der Froestonn un d’Regierung vum 14. Mäerz 2017 hunn ech dem Här Inneminister eng Fro gestallt iwwert d’Fiabilitéit vun den Donnéeën am nationale Register an hunn an dësem Kontext op eng Rei Lacunnen an Inkohärenzen higewisen. A senger Äntwert ass den Här Inneminister leider net op eng Fro agaangen sou dass ech mir erlabe folgend Fro nach eng Kéier un den Här Inneminister ze riichten

  • Kenne Persounen op Grond vun engem falschen Enregistrement am nationale Register eventuell vu verschiddene soziale Leeschtunge profitéieren. Wa jo wéi eng Leeschtunge wieren dat ?

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 2773 schwätzt den Här Inneminister vum Seriö vun de Gemengen beim Enregistrement.

  • Ass de Minister sech secher datt dëse Seriö an all de Gemenge de selwechten ass ?
  • Ass de Minister sech och secher datt dëse Seriö bei den nationalen Institutiounen de selwechten ass ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies

Deputéierten

Zréck