Ass d’Regierung gewëllt op d’Fuerderunge vun de private Bëschbesëtzer anzegoen ?

Réponse à la question N° 2688 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée, Monsieur Marco Schank, Député concernant Propriétaires forestiers privés, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, Monsieur Pierre Gramegna, Ministre des Finances: QP 2688

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un Madame Minister fir Ëmwelt an den Här Finanzminister weiderzeginn.

« D’Lëtzebuerger Privatbësch asbl » zielt eng 1.900 Memberen a representéiert ronn 24.000 Hektar vum Lëtzebuerger Bësch. Déi private Bëschbesëtzer spillen deemno eng wichteg Roll wann et drëms geet dëse komplexen Ökosystem fir déi nächst Generatiounen ze erhale fir dass de Bësch  och an Zukunft seng ökologesch, wirtschaftlech a sozial Funktiounen op lokalen a nationalem Plang kann erfëllen. Wei vill aner Associatioun ouni Gewënnzweck huet och D’Lëtzebuerger Privatbësch asbl eng Rei Doleance un Politik.

An hirer leschter Zeitung “De Lëtzeburger Bësch” weisen d’ Privatbëschbesëtzer an engem Bréif un d’Ëmweltministësch ob d’ Problemer hin, déi sie am Kader vun der TVA-Erhéijung vun 2015 hunn. Sie verlaangen, datt den TVA-Taux dee sie kënnen op hirem Holzverkaf behalen ,als Kompensatioun fir déi TVA déi sie bezuelen, vu 4% op 12% eropgesat gëtt, esou wéi et bei der Landwirtschaft de Fall ass.

Weider weise sie an dësem Bréif drop hinn, datt verschidde Steierbüroen d’ Méiglechkeet vun Ofschreiwungen etc. net méi unhuelen, wann keen « but de lucre » kann nogewise ginn. Sie krute gesot datt wann ee Betrib no maximal 10 Joer kee Benefice géif maachen, da wär den « but de lucre net nogewisen.

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt an dem Här Finanzminister dës Froe stellen

  • Wéi ass ze erklären datt déi eenzel Steierbüroen ënnerschiddlech virgi bei der Behandlung vun de forstwirtschaftleche Betriber?
  • Wéi gesäit déi konkret Regelung aus fir de forstwirtschaftleche Betrib?
  • Ewei ass den Artikel 61 vun der Steiergesetzgebung LIR auszeleeën dee seet : « …En ce qui concerne la sylviculture, la seule possesion de terains forestiers est à considérer comme exploitation forestière » ?

An der Äntwert ob de Bréif vun der « Lëtzebuerger Privatbësch asbl » seet d’ Madame Minister dass « Fuerderunge vum Lëtzebuerger Privatbësch a Saachen TVA sinn novollzéibar ».

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt an dem Här Finanzminister dës Froe stellen :

  • Ass eng Upassung vun der TVA bei de forstwirtschaftleche Betriber wéi bei de landwirtschaftleche Betriber virgesinn?
  • Wann jo – wéi soll dës Upassung ausgesinn?
  • Wann neen – firwat net?

Am Äntwertschreiwes vum 24. Oktober 2016 un « Lëtzebuerger Privatbësch asbl » seet d’ Mme Minister och dass « Steierbehandlung vun de Bëschbesëtzer misst effektiv verbessert ginn. D’ongerecht Consideratioun vum Décalage vu Recetten an Investitiounen ass e reelle Problem. Den MDDI wäert déi néideg Démarche beim Finanzministère initiéieren. »

An deem Kader, wollte mir dem Här Finanzminister dës Froe stellen :

  • Huet d’Madame Minister an den MDDI déi beschriwwen Démarche beim Finanzministère ageleet?
  • Wann jo – wat sinn d’ Konklusiounen?
  • Wann neen – firwat net ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Marco Schank

Députéiert

Zréck