EVP-Sommet zu Bréissel

spautz_merkel_evp_15122016

D’Beliewung vun der europäescher Konjunktur, Sécherheet an europäesch Verdeedegungspolitik waren Haaptthemen um Sommet vun der Europäescher Vollekspartei geeschter zu Bréissel.

Europa muss méi eng grouss Responsabilitéit iwwerhuelen, fir selwer seng Verdeedegung ze assuréieren. Di extern Sécherheet setzt och viraus, datt di europäesch Memberstaaten och op zivillem Plang eng gemeinsam Approche hunn, fir mat de nordafrikanesche Staaten ze kooperéieren.

D’Situatioun a Syrien, d’Relatioune mat der Ukraine a Georgien ware weider wichteg Themen, di um Sommet ugeschwat gi sinn.

Um Sommet deelgeholl hunn ënner anerem: Jean-Claude Juncker, Donald Tusk, Angela Merkel, François Fillon, den EVP-President Joseph Daul an de President vun der EVP-Fraktioun am Europaparlament Manfred Weber. D’CSV war vum Parteipresident Marc Spautz vertrueden, den och en Austausch mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel an dem EVP-Fraktiounspresident Manfred Weber hat.

De Sommet vun der Europäescher Vollekspartei ass traditionell virum EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen. Wéi och an den aneren politesche Famillen kommen d’Staats- an d’Regierungscheffen mat de Presidente vun den EVP-Parteien, déi an EU-Staaten an der Oppositioun sinn, zesummen fir sech virum EU-Sommet ze konzertéieren.