Projet de loi 6792

Här President,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Sécherlech ongewinnt fir Iech, mech hei op der Tribün zu engem Projet iwert Aarbechtsrecht schwétzen ze héiren: Dofir, direkt e grousse Merci u mäin Fraktiounskolleg Marc Spautz, deen mär als Spriecherin vun der CSV Fraktioun fir Chancegleichheet, spontan seng Plaz an der Kommissioun fir dësen Gesetzesprojet iwerloss huet.

Fir et direkt virewechzehuelen, d’CSV Fraktioun ass mat deem virleienden Projet de loi d’accord, well en kloer eng Verbesserung fir di Beschäftegt duerstellt an et geet jo och drëms ze vermeiden, dass Lëtzebuerg vun der EU-Kommissioun ugesicht gëtt. Eng kleng Klammer heizou: De Staatsrot huet ënner anerem bemängelt, dass d’Regierung him d’Kritiken vun der EU Kommissioun net zougestallt huet. An der Kommissioun kruute mer op Réckfro och just mëndlech Erklärungen heizou.

D’Rapportrice, deeër ech Merci soen fir hiren exzellenten schrëftlechen a mëndlechen Rapport huet de Projet elo grad am Detail erklärt. Dofir just e puer Kommentaren méngerseits.

“Et ass dringend, well mer riskéiren vu Bréissel ugesicht ze ginn”, huet den Här Minister an der Kommissiounssitzung gemengt wéi den Projet de loi viirgestallt gouf. Dat war den 12.Oktober 2015. Deposéiert gouf en awer schon am März 2015. Et huet och bis den 11. Abrëll 2016 gedauert ier den Avis complémentaire vum Staatsrot vum 19. Januar 2016 an der Kommissioun analyséiert gouf, an dat obschon de Staatsrot gréng Luut ginn huet op alle Punkten. Am Ufank sollt de Projet iewer duerchgebaatscht ginn, esou wéi eng ganz Rei um Enn vum Joer… Et schingt op eemol et awer net méi esou presséiert ze hunn! Fir déi hei onnétz laang parlamentaresch Prozedur stellt d’CSV der Majoritéit jiddefalls keng Bonne Note aus.

Haut schreiwe mer bekanntlech den 11. Mee 2016!

D’CSV huet konstruktiv matgeschafft – wéi ëmmer. Jiddefalls wier e wesentlechen Avis zum Projet, dee vum CET, Centre pour l’égalité de traitement vum 22.Abrëll 2015, net consideréiert ginn, wann d’CSV net drop higewisen hätt – ganz einfach well den Aarbechtsminister en ignoréiert huet – . Schlussendlech gouf deen Avis dunn och als Document parlementaire publizéiert, mee eréischt den 17. Dezember 2015. Ouni deen wier et dann och net zu engem wesentlechen Amendement an der Kommissioun komm. Ëmsou besser, kann ee soen, dass et opgrond dovun zum Amendement koum, well Amendementër, déi vun der CSV Fraktioun an insgesamt vun der Oppositioun kommen, jo praktesch ëmmer vun der Majorétéit ofgeblockt ginn. Herno gëtt da behapt, et wieren keng Alternativen proposéiert ginn!

Et wier gutt, dass am Fall vun Chancegläichheets-Gesetzesprojetën, den Service fir Gläichstellung an der Regel giff fir en Avis gefrot ginn, anstatt dass dës Institutioun sech op eegen Initiative muss saiséiren, eppes wat dee Service och regelméisseg kritiséiert.

Zur 1. Direktiv 2006/54/CE, déi Diskriminatioun tëschend Männer a Fraen an der Aarbechtswelt verbitt, déi sougenannten Gender Recast Directive. Do musse mer de “Changement de sexe” jo elo esou wuel am Code du travail wéi och och am Statut vun den Staats a Gemengenbeamten als Diskriminatiounsmotiv formell bäisetzen an de Nët Respekt gëtt strofbar.D’EU Kommissioun huet effektiv e neien Discriminatiounsgrond an hirer Basis-Argumentatioun, an de sougenannten “Considéranën” vun der Directiv opgefouert. Si berifft sech op eng Jurisprudenz vum Europäeschen Geriichtshaff vum 30. Abrëll 1996 (C-13/94), wou et ëm d’Entloossung vun enger transsexueller Persoun gaangen ass. Wat huet déi festgehal: dass eng Diskriminatioun opgrond vum Geschlecht sech nët giff drop limitéiren op een zu deem engen oder aner Geschlecht giff gehéiren, mee och giff zoutreffen op d’Geschlechtsëmwandlung vun enger Persoun. Wann also eng Persoun entlooss gëtt, well se d’Intentioun huet eng Geschlechtsëmwandlung ze maachen oder schon eng matgemaach huet, gëtt se manner gutt behandelt wéi déi Persounen vun hirem sougenannten viiregten Geschlecht. Bis elo hat d’Regierung gemengt, déi Notioun wier schon implizit an der jetzeger Diskriminatioun wéinst dem Geschlecht matt ofgedeckt an d’Directive freet et en plus selwer nët explizit, et kënnt just am “Considéranën” vir. D’EU Kommissioun ass do anerer Meenung, wéi mer elo wëssen.

Ëm ween geet hei, Här President, léif Kolleginnen a Kollegen?

Ëm e vulnérablen Groupe vu Mënschen, Transgender Persounen.

Dat si Persounen , déi sech net deem Geschlecht zougehéireg spiiren, dat hinnen duech d’Merkmaler vum Kierper bei der Gebuert zougeschriwen ginn ass. Si empfannen di eegen geschlechtlech Identitéit als eng aaner a lehnen hiert biologescht Geschlecht of. -Scho vu kléngem un.-

Ech verweisen do op eng Gesetzespropose, d’Proposition de loi Nr. 6955, déi ech zesummen mat menger Fraktiounskollegin Françoise Hetto den 23. Februar dëst Joer deposéiert hunn. Dëst als 1. Schrëtt géint eng bestehend Diskriminatioun an en Tabu wann dës Persounen hiren État civil wëllen änneren. Do ass d’Situatioun vun deenen Betraffenen am Detail beschriwwen.

Transpersounen sinn Persounen di eng geschlechtlech Emwandlung welle maachen, gemaach hun, Kanner a Jonker déi fannen , dass sie am falsche Kieper liewen. Awer net all Transpersoun well oder kann hiert Geschlecht änneren. Si gesinn also aanescht aus wéi se sech behuelen. Aanerersäits ginn et och Intersex- Persounen, déi weder Mann nach Fra sinn a mat atypeschen Geschlechtsmerkmaler op d’Welt kommen.

Si gi ganz dax nët verstanen an hirer eegener Famill, vun hierer Emwelt discriminiéiert, hunn am spéideren Liewen vill Probleemer eng Aarbechstplaatz ze fannen, e Logement, a sinn Harcèlement an Haass ausgesaat.

Haut geet et just ëm Diskriminatioun op der Aarbechtsplaz.

Leider feelen, wéi esou oft hei zu Lëtzebuerg, Donneeën iwert d’Diskriminatiounen insgesamt. De Service fir Gleichbehandlung weist regelméisseg drop hin. Et gi wéineg Plainten a wéineg Jurisprudenz. D’Leit zécken fir eng Plainte ze maachen an eng Rei Persounen hu gemellt, de Parquet giff d’Plainten klasséiren. D’Inspection du Travail et des Mines (ITM) ass esou wisou fir deen Deel deen si betrëfft, schon zënter längerem total iwerfuerdert, an net nëmmen an deem Beräich. Hei muss dringend Remedur geschaaf ginn,

Här Minister!

Just e puer international Zuelen: Laut enger däitscher Expertise vun 2010 iwert d’Benodeelegung vun TransPersounen am Aarbechtsliewen, ginn 30-40% vun deenen Persounen déi fir e Posten kandidéiren wéinst hirer Trans‘-Existenz net geholl a 15-30% verléiren dowéinst hir Aarbecht. Si sinn iwerduerchschnëttlech héich vum Chômage betraff: 50% par rapport zu 5-10% vun der Gesamtbevölkerung.

Och eng Ëmfro vun 2013 vun der europäescher Agence vun de fundamentale Rechter (FRA) ergëtt, dass 47% vun den Transgeschlechten Persounen net offen mat hirer Transidentitéit ëmgoe giffen a nëmmen 10% vun de betraffenen Persounen déi matgemaach hunn, hunn eng Diskriminatioun bei enger Autoritéit gemellt.

Dofir begréisst d’CSV, dass dës Persounen elo formell vun den spezifeschen Antidiskriminéirungsbestëmmungen profitéiren kënnen an domat déi Diskriminatioun méi Visibilitéit kritt. Vleit trauen se sech elo éischter fir sech ze mellen. D’Antidiskriminatiouns-Organismen soen dat giff hinnen d’Aarbecht erliichteren. A propos, hat d’Regierung och vergiess dem lëtzebuerger Gleichbehandlungszerviss seng elo zousätzlech Missioun am Gesetz ze verankeren! Eréischt duerch deem säin Avis zu dësem Gesetzesprojet ass et zu engem Amendement an der Kommissioun komm.

D’CSV huet zu dëser Directive och verschidden Froen an der Chamberskommissioun opgeworf an hat sech och am Virfeld eng Meenung gebild am Kader vun enger Entrevue mam Zerviss fir Gläichbehandlung a mat der Lëtzebuerger Associatioun vun Intersex &Transgenderpersounen.

Geet et duer d’Diskriminatioun wéinst enger Geschlechtsëmwandlung just an der Aarbechtswelt ze verbidden? D’CSV huet hannerfrot, ob et net ubruecht wier, dat och an deenen aneren lëtzebuerger Anti diskriminatiounsgesetzer oder deenen déi ënnerwee sinn unzepassen? D’Regierung huet fonnt, dat giff de Kader vun dëm virleienden Gesetzesprojet sprengen. Et stellt awer e Problem duer. Ech verweisen do op de Rapport 2009 vun der europäescher Agence vun de fundamentale Rechter (FRA) iwert d’Homophobie an d’Diskriminatioun opgrond vun der sexueller Orientéirung an der Geschlechtsidentitéit. Och wann et weder an de “Considéranën” giff stoen, nach an explizit an deenen Direktiven, misst et de facto applizéiert ginn, mee dat ass net ëmmer de Fall. Positiv evirzesträichen ass d’Directive 2004/113/EC, déi den gläichberechtegten Zougang tëschend Mann a Fra zu den Gidder a Servicer respektiv hir Zouliwwerung regelt, an diTranspersounen net an hiren Texter erwähnt. Mee an der Réunioun vum 4. Oktober 2004 hei zu Lëtzebuerg vum Rot vun der europäescher Unioun a Froen vun Beschäftegung, Sozialpolitik, Gesondheet a Konsumenteschutz, ass sech deemols explizit op di Jurisprudenz vum Europäeschen Geriichtshaff vu virdun referéiert ginn.

Et wier eigentlech wichteg wann deen Aspekt méi Visibilitéit hätt aus deene Grënn déi ech virdrun genannt hunn.

Dat gëllt also grad esou fir d’Upassung am Beräich vun komplementaren Pensiounsregimer, déi och vun der virleiender Directive betraff sinn, esou wéi den Staatsrot et ervirhiewt. Do soll jo den Minister vun der sozialer Sécherheet, deen demnächst dat Gesetz op de Leescht hëllt, kucken ob et ubruecht ass fir de Volet vum “Changement de sexe” och do bäizesétzen.

Och wann dës Kommissioun, trotz der Propositioun vum Staatsrot, dovun ofgesäit fir e Passus an d’Gesetz iwert di legal Sozialsécherheetsregimer vum 15.Dezember 1986 ze sétzen, ginn et awer nach aner Domainer wou eng Diskriminatioun op deem Gebitt méiglech ass.

Hei e Negativbeispill aus dem Ausland, wéi een dat ganzt op d’Spétzt dreiwe kann. An North Carolina an den USA, ass am März dëst Joer e Gesetz a Kraaft getrueden, dat virschreiwt, ass Transgender-Persounen op déi Toilette musse goen, déi hirem Geschlecht, wéi et um Gebuertsschäin steet, entsprécht. Do brauch e kee Kommentar dozou ze maachen…

An domat kommen ech zu der nexte Punkt deen d’CSV an der Komissioun opgeworf huet opgrond vun dem Avis vum Zerviss fir Gläichbehandlung: Geet d’Formulatioun “Changement de sexe” duer? Mir hunn d’Directiv 1 zu 1 ëmgesat, wat jo och fir d’CSV an dësem Fall an der Rei ass. De lëtzebuerger Zerviss , mee och d’ILGA EUROPE, di europäesch Regional vun der Internationaler Association vun de Betraffenen, werfen zur Ëmsetzung vun dëser Directive Froen op. Si weisen drop hin, dass den Terme “Changement de sexe” net all Problemer déi mam Geschlecht vun enger Persoun ze dinn hunn ofdecken giff. Dofir proposéiren dës Organisatiounen éischter vun Geschlechtsidentitéit, Geschlechtsausdrock oder Sexualmerkmaler ze schwétzen. Och wann di virleiend Direktiv net esou wäit geet fir d’Geschlechtsidentitéit als Discriminatiounsmotiv unz’erkennen, ginn et ëmmer méi europäesch Länner, dei explizit Referenz op Transgender Persounen maachen an hiren nationalen Gesetzer. Am weitesten geet Malta, dat a séngem Gesetz vum 15. Abrëll 2015 eng rechtlech Unerkenneng vun der Geschlechtsidentitéit verankert huet. Doriwer eraus weist de Staatsrot och drop hin, dass eis belsch Noperen hiert Antidiskriminatiounsgesetz am Mee 2014, dat den 3. August daat Joer a Kraaft getratt ass, explizit op Transgender-Persounen ausgeweit hunn. Si haten awer schon an hirem initialen Gesetz 2007 de “Changement de sexe” als Diskriminatiounsmotiv festgeschriwwen.

Ech verweisen och nach op eng Inkoherenz an eiser Gesetzgebung, wou mer scho méi weit an der Formulation gaangen sinn: an zwar am Gesetz vum 19. Juni 2013 iwert d’Asylrecht. Do ass och eng europäesch Directive ëmgesat ginn wou d’Aspekter vum Geschlecht, d’Geschlechtsidentitéit mat abegraff, fir d’Zougehöregkeet zu engem soziale Grupp ze definéiren, explizit als Verfollegungsmotiv unerkannt ginn fir eng international Protectioun unzefroen.

E weideren Gesezesprojet ass um Instanzewee, den PL 6758, dee soll di europäesch Directive 2012/29/UE fir d’Rechter vun den Affer vu Kriminalitéit ëmsétzen. Hei kéint sech en ähnlechen Problem stellen.

Ech wollt dem Här Minister dann och nach e puer Froen stellen:

  • Mat wivill Fäll vun Diskriminatiounen wéinst dem Geschlecht,respektiv Homo- oder Transphobie gouf d’ITM an de leschten Joeren befaasst?
  • Wat waren d’Suitën dovun punkto Enquêten, Plainten, Prozesser um Aarbechtsgeriicht, zivil Affären?
  • Gëtt zesummegeschafft mam Service fir Gläichbehandlung a mat den Associatiounen déi sech ëm Mobbing bekëmmeren?
  • Virwat ass keen Avis zum virleienden Gesetzesprojet vun der Staatsbeamtenchamber gefrot ginn? -well d’Staatsbeamten faalen och ënnert d’Applikatioun vun dësem Gesetz-
  • Ween ass zoustänneg bei der Fonction publique fir di Beschwerden entgéint ze huelen? Wier di staatlech Mobbingskommissioun an esou Fäll zoustänneg? Vu dass dës Mobbingskommissioun awer ausser Kraaft gesat gouf no engem Arrêt vun der Cour, wéi a wéini gedenkt d’Regierung dëse Problem insgesamt ze léisen? Di Kommissioun gëtt dringend beim Staat gebraucht!
  • Gedenkt d’Regierung d’Aarbechtswelt ze sensibiliséiren op di Problematik vun den TransPersounen?

Här President , léif Kolleginnen a Kollegen,

Zum 2. Volet vun dem virleienden Gesetzesprojet, just esouvill: D’CSV begréisst et, dass d’Participatiounsrechter vun den Beschäftegten erweidert ginn, respektiv erhalen bleiwen am Fall vun enger grenziwerschreidender Fusioun vu Gesellschaften.

Dann zum 3.Volet iwert d’Ophiewen vun deeër restriktiver Formulatioun vun “Faillite” an d’Ersetzen duerch “Insolvabilité.”Dat erméiglecht jo elo e besseren Schutz vun de Beschäftegten, net nëmmen bei enger Faillite vum Betrieb, mee och am Fall wou de Patron eng A.s.b.l. ass, déi net méi capable ass ze bezuelen. Esou kënnen di Betraffen dann och elo direkt hir Deklaratioune fir di geschëllten Payen an Indemnitéiten maachen bei der Agence fir Entwëcklung vun der Beschäftegung, der ADEM, an hunn d’Garantie op d’Hëllef vum Fonds pour l’emploi.

D’CSV begréisst selbstverständlech, dass dat elo méiglech gëtt. Domat wieren dann elo all Fäll ofgedeckt an deenen de Patron nët mé ka bezuelen.

Dee Fall huet sech nämlech gestallt wéi, Ënn Abrëll 2013, d’asbl Objectif Plein Emploi, d’OPE zesummegebrach ass. Ofgesinn dovun, dass – wéi den Här Minister et selwer an der Kommissioun genannt huet – dat “en Trauerspill war vun den Responsablen vun OPE”, huet do e juristeschen Vide bestanen. Esou waren di betraffen Beschäftegt de facto am Préavis, well di juristesch Liquidatioun, also di richteg Faillite vun OPE, eréischt am November dat selwecht Joer iwert d’Bühn gaangen ass. OPE huet den ausgehandelten Sozialplang net agehal an en attendant kruten d’Leit vum 1. Semester 2013 un Chômage ausbezuelt. Vun do bis de 16. Februar 2016, also bal 3 Joer duerno, war deene Leit hier Situatioun awer nach ëmmer net geregelt! Wat grad esou en “Trauerspill” ass!

Den Aarbechts- a Beschäftegungsminister huet nämlech am Ufank refuséiert unzerkennen, dass de Prinzip vun der Gleichbehandlung vun den Beschäftegten net respektéiert wier. Esou dass d’Leit 2014 eng Plainte hu missen maachen zu Bréissel, wou dann och schlussendlech bestätegt gouf, dass d’EU-Recht hei net konform zu Lëtzebuerg ëmgesat gouf. Schon zënter Mëtt 2014 huet den Minister deenen Betraffenen an Aussiicht gestallt et kéim zu enger Upassung vum Aarbechtsrecht.

Ech weisen och drop hin, dass mein Fraktiounskolleg Serge Wilmes heizou schon eng parlamentaresch Ufro den 2. Juni 2014 gestallt huet, wou en di juristesch Inkongruenz hannerfrot huet, well di Ex-OPE Beschäftgt net konnten vun der Hëllef vum Fonds pour l’emploi profitéiren. Fir de Minister war deenen do Leit hire Problem domat geléist, well se Chômage kruuten. Heen huet awer och schon deemols bestätegt, dass eist Gesetz ze restriktiv wier an huet di Ännerung ugekënnegt, déi mer dann schlussendlech haut, 2 Joer duerno, stëmmen.

No engem offene Bréif vum Januar 2016 vun den Ex-OPE Ugestallten, wou se sech bekloen, hir Situatioun wier nach ëmmer net geklärt, hunn mein Fraktiounskolleg Marc Spautz an ech de 19. Januar 2016 ugefrot fir dee Punkt op den Ordre du Jour vun der Aarbechts-a Beschäftegungskommissioun ze sétzen, well de Statut vun deenen Chômage-Indemnitéiten déi di Leit kritt hunn amplaz vun den Garantien déi den Beschäftegungsfong gebueden hätt, nët kloer war. D’Kommissioun hat sech zwar schon virun e puer Méint mam Sujet beschäftegt, mee d’Saach war awer nach ëmmer net an der Rei!

Mer hunn dunn awer mat Satisfactioun héiren, wéi de Punkt den 11.Abrëll 2016 schlussendlech op den Ordre jour koum, dass d’Ofrechnungen vun de Betraffenen ogschloss waren, a si den 16. Februar hir Payen-Garantie konnten iwert de Fong ausbezuelt respektiv ausgeglach kréien. Et sinn awer 10 Salariés déi méi eng héich Somme kritt hunn, wéi déi déi se iwert d’”Egalité de salaire” ze gutt haaten an dat mussen se dann och zréckbezuelen.

Nach méi erliichtert ware mer ze héiren, dass all d’Ex-OPE Ugestallten eng Aarbecht fonnt hunn, op mannst wat d’Résidantën ugeet. Mer si frou, dass z.B de Projet “Île aux clowns”, deenen hiren Beschäftegten förmlech d’Laache vergaange war wéi de Stuerm 2013 iwert hir Insel ausgebrach ass, wéi d’Schëff OPE ënnergaang ass. Elo kënne si, dank dem gehärzten Agräifen vun 5 Organisatiounen, nees villen kranke Kanner a Leit, Strummerten an Flüchtlingen d’Laache schenken mat hiren rouden Nuesen.

Fazit: d’CSV ass frou, dass dat hei endlech gestëmmt gëtt an huet och den Amendement ënnertstétzt, deen iwregens duerch d’Interventioun vun enger anerer Oppositiounspartei zustanekomm ass, dem Kolleg vun “Déi Lénk”. Et mussen elo net di zwou Conditiounen cumuléiert sinn, fir dass den Beschäftegungsfong d’Créancen garantéiert, déi vum Zoumaachen vum Betrieb an déi vun ongenügenden Aktiva.

Dat wat d’CSV kritiséiert: Et huet vill zevill laang gedauert huet, bis de Minister den Dossier geklärt huet. Di Betraffen hu sech missen 3 Joer zerklappen fir hier Rechter an d’ADEM huet och 8 laanger Méint gebraucht fir d’Ofrechnungen opzestellen! Well de Problem war bekannt.

Nach ëppes wat och scho méi laang schleeft, an dat huet net nëmmen d’CSV, mee,ënner aneren, d’Chambre des Salariés, d’CSL, och öfters ënnerstrach: D’Reform vum Faillite-Gesetz muss onbedéngt kommen. Dat ass och scho méi laang bekannt a geet op d’Joer 2012 zréck, wéi mer d’Aarbechtsrecht ofgeännert hunn fir dass d’Salariéën am Fall vun enger Faillite – dat war no der Faillite SOCIMMO – méi séier hir vum Patron geschëllte Payen sollten ausbezuelt kréien. Den 29. März 2012 huet di deemoleg Rapportrice, di honorable Vera Spautz d’Urteel vum 3.März 2011 vum Europäeschen Geriichtshaff zitéiert, deen eng weider Ëmännerung vum Aarbechtsrecht misst mat séch bréngen. Et ass effektiv esou, dass de Moment d’Rechter vun den Beschäftegten am Fall wou de Patron Faillite mécht, net di selwecht sinn wéi deenen hier, déi aus ekonomeschen Grënn entloss ginn, well hiren Aarbechtsvertrag an deem 1. Fall direkt opgeléist ass. Daat ass awer net zoulässeg bei kollektiven Entloossungen, well de Curateur muss fir d’1. en Accord aushandelen mat den Vertrieder vun den Salariën ier eng Entloosung ka stattfannen. Ech erlabe mer d’Vera Spautz kuerz ze zitéiern: “Den Aarbechts- a Beschäftegungsminister Nicolas Schmit huet an der zoustänneger Chamberskommissioun erklärt, datt en Aarbechtsgrupp a sechs bis aacht Wochen e Gesetzesprojet ausschafft, an deem en déi juristesch Konsequenze vun dëser Jurisprudenz studéiert” -Enn vum Zitat – Dat war wuel verstanen am März 2012! Haut si mer den 12. Mee 2016, also 4 Joer duerno. Daat ass och en “Trauerspill”! Den Här Minister huet och elo nees zougesot, dass daat demnächst bei der Reform vum Faillitegesetz giff berücksichtegt ginn. Dofir well ech vum Här Minister wëssen wéini dat Gesetz dann elo kënnt?

An zum Schluss, aus Aktualitéitsgrënn, eppes wat net nëmmen en Trauerspill ass, mee e Skandal!

Deemols wéi Objectif Plein Emploi d’Baach ofgaangen ass, ass dat net aus dem heiterem Himmel geschitt. Schon méi laang war gewosst, dass do eng ugespaanten finanziell Situatioun wier duerch deen enormen Waasserkapp deen d’OPE Daachorganisatioun opgebaut hat mat 120 Mataarbechter an intransparenten Finanzéirungen.

A schon am Mee 2003 haat deen deemolegen Minister Fränz Biltgen e Gesetzesprojet (PL 5144) abruet fir de sozial Initiativen en ugepassten gesetzlechen an finanziellen Kader ze sétzen, deen och dem Aarbechts- a Beschäftegungsministère dementspriechend Kontrollméiglechkeeten zougesteet. Dee Projet de loi war 7 Joer laang um parlamentareschen Instanzewee.

Et ass och festgestallt ginn, dass di juristesch Struktur vun enger asbl net déi richteg ass fir d’Beschäftegungsinitiativen, wéi mer all wëssen…2011 an 2012 si jo och Auditën gemaach ginn vun allen Beschäftegungsinitiativen: Forum pour l’Emploi, Pro Actif an OPE. Kann den Här Minister mer soen wivill Suen di Auditen iwerhapt kascht hunn? Iwregens war den Audit vum Forum pour l’Emploi deen, deen bei weitem am beschten ofgeschnidden huet, an huet esou guer d’Conclusioun gezunn, dass di Leit wa méiglech déi néideg Suen sollten kréien fir hir exzellent Aarbecht weiderzeféieren. Den Här Minister selwer ass es net midd ginn, d’Gestioun vum Forum pour l’Emploi als exemplaresch duerzestellen.

Just, wat den klengen Ënnerscheed nach bei deene verschiddenen Auditen ausmécht, an dat ass de Skandal derbäi: Deen vun ProActif gouf den 20 September 2011 publizéiert ginn. Domat ass den deemols betraffenen President Robert Weber ëffentlech duerch de Knascht gezunn an diskredidéiert ginn, an dat kuerz virun de Gemengewahlen fir déi en kandidéiert huet. Di Responsabel vun Pro Actif, dorënner de Robert Weber waren och deemols ugklot ginn wéinst den finanziellen Onregelméissegkeeten. Deen Drock, deen den Robert Weber selwer als “Erpressung” betitelt huet, huet dozou gefouert, dass hien demissionnéiert huet. Domat war awer och seng gesamt gewerkschaftlech an politesch Carrière zerstéiert!

Haut awer wësse mer méi:

  1. Bestinn esou wuel Forum pour l’Emploi an Pro Actif nach haut a fonktionnéieren, no gewëssen Ëmstrukturéirungen, exzellent. Wéi d’Press d’lescht Woch gemellt huet, huet d’Geriicht elo no 5 Joer en “Non lieu“ gesprach an de Prozess géint di Responsabel vun Pro Actif huet missen agestallt ginn wéinst Mangel u Beweiser. An anere Wieder, de Robert Weber huet de Prozess gewonn! D’Rechnung ass also net ganz opgaang an di Saach kritt nach vleit e juristescht Nospill…
  2. Besteet den OPE guer net méi, och wann deen Audit eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt 2012 presentéiert gouf. Dat wat di Responsabel do allerdéngs gemaach hunn, war ënnert aller Clarinette! E Gléck, dass di Lokakinitiativen, d’CIGL, konnten vun de Gemengen opgefaang ginn! D’Fro awer un Iech Här Minister, hutt dir jemols eng Plainte géint di do Persounen gemaach?

Fazit ass, dat war an ass net nëmmen en Trauerspill, mee e Skandal a virun allem e knaschtegt politescht Spill, Här Minister!

An domat ginn ech Här President, dir Dammen an dir Hären den Accord vun der CSV Fraktioun fir dee Projet hei ze stëmmen.