Ginn et Retarde beim Emklasséiere vun Terrainen an doduerch Problemer beim Berechne vun der Grondsteier ?

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Grondsteier un den Här Finanzminister, weiderzeginn.

Um Enn vun all Joer ass bei de Gemengen d’Zäit vum Anzéie vun der Grondsteier. Op Grond vun der Ënnerandeelung vun den Terrainen a verschidde Kategorien, wat d’Applikatioun vum taux d’imposition ugeet, ass festzestellen datt d’Steieramt wat d’Ëmklasséiere vu verschiddenen Terraine vu „Terrain à bâtir“ op „Terrain bâti“ ugeet net nokënnt, well et mengen Informatiounen no an dëser Divisioun u Personal feelt an doduerch eng Partie Dossiere leie bleiwen. D’Retarde ginn op e puer Joer zréck

D’Leit reklaméieren deelweis vehement bei de Gemengen, well den Terrain, nodeems datt e bebaut ginn ass, beim Steieramt net ëmklasséiert gouf. Dëst huet natierlech zur Konsequenz datt de Montant vun der Grondsteier dei bezuelt muss gi méi héich ass wéi se eigentlech misst sinn.

De selwechte Problem stellt sech och bei enger Vente vun engem Terrain, wou de Vendeur zum Deel och nach am Joer no der Vente d’Grondsteier ze bezuele kritt well den Dossier net à jour ass. Dëst well den neie Proprietaire nach net an der Base de données vun der Steierverwaltung ugepasst gouf.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Finanzminister riichten

Ass den Här Finanzminister sech der beschriwwener Problematik bewosst?

Envisagéiert den Här Finanzminister eng oder méi zousätzlech Persounen op dës Dossieren ze setze wat d’Ëmklasséiere vun den Terrainen ugeet?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten

Zréck