Statutekongress 2015: All d’Informatiounen op ee Bléck

Am Kader vun engem ausseruerdentlechen Nationalkongress, wäerten déi 510 Nationaldelegéiert de 5. Dezember iwwert d’Statutereform diskutéieren an ofstëmmen.

I. Plaz an Dagesuerdnung vum Kongress

De Statutekongress fënnt e Samschdeg, 5. Dezember am Forum Geesseknäppche statt (40, Boulevard Pierre Dupong; L-1430 Luxembourg).

Vun 08:30 un kënnen d’Nationaldelegéiert sech aschreiwen. Ëm 09:00 fänkt de Kongress un.

Ordre du Jour

  • Bezeechnung vum Kongressbüro
  • Presentatioun vum Projet vun der Statutereform
  • Diskussioun a Vote vun den Amendementer
  • Vote iwwert de Projet vun der Statutereform
  • Fixatioun vun de Membercotisatiounen (ass eng statutaresch Obligatioun)
  • Conclusioun vum Kongress

II. Iwwert d’Ausschaffe vum Projet

De Nationalkongress vum 28. Mäerz 2015 hat a senger Kongressresolutioun eng Kommissioun domadder beoptragt bis zum Enn vum Joer eng Statutereform auszeschaffen. Dëst op Basis vu 14 konkrete Missiounen.

No puer Méint intensivem Schaffen, huet d’Kommissioun, déi vum Generalsekretär Laurent Zeimet an der bäigeuerdneter Generalsekretärin, Stéphanie Weydert, koordinéiert gouf, an an där all d’Bezierker, d’Ënnerorganisatiounen an d’CSV International vertruede waren, dem Nationalcomité Ufank Oktober en éischten Avant-Projet virgestallt.

Dësen Avant-Projet gouf am Laf vum Oktober an alle véier Bezierker a bei den Ënnerorganisatioune presentéiert. Op Basis vun deenen Diskussiounen an dem Feedback, huet d’Kommissioun den Avant-Projet nach eng Kéier iwwerschafft. Dono ass den Text un de Nationalrot weidergeleet ginn.

De Nationalrot huet de 9. November no längeren a konstruktiven Debatte schliisslech de Statuteprojet esou festgehal, wéi en dem Nationalkongress virgeluecht gëtt.

III. D’Dokumenter fir de Kongress

Hei kënnt Dir d’Amendementer vum CSV-Nationalcomité, vun de Nationaldelegéiert, de CSV-Bezierker an den Ënnerorganisatiounen eroflueden:

Amendementer (pdf)

Hei kënnt Dir de Projet vun der Statutereform eroflueden:

Statuteprojet (pdf)

Dëst ass d’Referenzdokument fir de Kongress. All d’Ännerungsvirschléi baséieren sech op d’Zeile vun dësem Dokument.

Fir d’Dispositioune vum Projet besser mat deene vun den aktuelle Statute kënnen ze vergläichen, kënnt Dir hei och eng direkt Géintiwwerstellung – Artikel fir Artikel – eroflueden. Dëst Dokument ass awer just als Hëllefstellung geduecht:

Fir just déi aktuell Statuten ze consultéieren, kënnt Dir déi hei eroflueden:

IV. Prozedur fir Ännerungsvirschléi a fir de Vote um Kongress

De Nationalrot vum 9. November huet, op Basis vun den Artikelen 83 a 84 vun den aktuelle Statuten, och eng Prozedur festgehal. Dës kënnt Dir hei eroflueden:

Wéi konnten Ännerungsvirschléi gemaach ginn?

Ännerungsvirschléi konnte vu jidder eenzelen Nationaldelegéierten, vun de Comitéë vun de CSV-Bezierker an och vun de Comitéë vun den Ënnerorganisatiounen beim CSV-Nationalcomité agereecht ginn. Dëst bis de 25. November.

D’Ännerungsvirschléi hu misste schrëftlech an op Däitsch verfaasst sinn. Et huet een och missten uginn, op wéi een Artikel an op wéi eng Zeile vum Referenzdokument sech d’Ännerunge bezéien.

Wéi ass d’Diskussioun an de Vote um Nationalkongress geregelt?

De Nationalcomité schléit dem Nationalkongress eng Reiefolleg vir, no der iwwer d’Ännerungsvirschléi ofgestëmmt soll ginn. Dëst ergëtt sech aus der Reiefolleg vun den Artikelen a beim eenzelnen Artikel aus der logescher Kohärenz.

En Ännerungsvirschlag ass ugeholl, wann en Zoustëmmung vun zwee Drëttel vun de präsenten Nationaldelegéierte kritt. Och d’Reform vun de Statuten ass vum Kongress ugeholl, wann zwee Drëttel vun de präsenten Nationaldelegéierten dem ganzen Text zoustëmmen.

V. Méi zum Thema: