Diskussioun iwwert Problemer a Suerge vun de Bauren

Vertrieder vun der Baurenzentral waren an der CSV Fraktioun fir do mat den Deputéierten iwwert d’Problemer a Suerge vun der Landwirtschaft, ënnert anerem och iwwert d’Agrargesetz, ze diskutéieren.

D’CSV ass besuergt ëm d’Zukunft vun de Baurebetriber a wäert alles maachen fir d’Bauren och an Zukunft z’ënnerstëtzen do wou et sënnvoll, néideg a méiglech ass. Vill Froe bleiwen op an dowéinst wäert des Reunioun tëscht der CSV Fraktioun an der Baurenzentral mat Sécherheet keng Ausnahm sinn.