Diskussioun rondrëm d’Nominatioun am Conseil supérieur des finances communales : Minister wëll Texter änneren. Firwat ?

No der kontestéierter Nominatioun am Conseil supérieur des finances communales, wou den Inneminister sech jo net un d’Propositioun vum Syvicol gehalen hat, wëll de Minister elo dat groussherzoglecht Reglement änneren. Den CSV Deputéierten a Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet freet sech firwat den Text da muss geännert ginn wann et stëmmt, dass de Minister sech dem aktuellen Text no souwisou net muss un d’Propositioun vum Syvicol halen.

 

Hei kënn der dee ganzen Interview vum Laurent Zeimet, deen hien de 6. August dem Radio 100,7 ginn huet, nolauschteren.