Wien huet d’Soen am Logementsministère a wéi gesäit den Organigramm aus ?

Här Président,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weiderzeleeden.
Um Regierungsrot vum 2. Juli 2015 goufen vill Froen zum Maggy Nagel gestallt. Den Här Staatsminister huet betount et wär kee Problem, dass si net an der Chamber un der Interpellatioun zum Logement war well de Marc Hansen fir déi nei Projeeën zoustänneg wär. Op d’Fro vun engem Journalist wat dann d’Maggy Nagel mécht wann de Marc Hansen fir all nei Projeeën zoustänneg ass an op si Logementsministesch bis d’Enn vun der Legislaturperiod bleift huet den Här Staatsminister folgendes geäntwert :
« Ech weess net wat muer geschitt. Ech kann iech elo net soe wat muer geschitt. Gëschter ass d’Presidence ugaangen. Ech konzentréiere mech elo déi nächst 6 Méint och op déi Presidence. Selbstverständlech national Dossieren déi dierf een net vergiessen mä fir elo Spekulatiounen ze maachen, dass ech gär deen een oder deen anere Minister géif wiesselen ass net dat wat ech haut am Kapp hunn. Ech soen iech just nach eng Kéier, dass eng Aarbechtsopdeelung tëscht dem Här Hansen an der Madame Nagel gemaach ginn ass an dass do eben administrativ Aarbechten an dass eng Kéier déi technesch Aarbechte sinn a Projeeën a fir iech elo ganz genau ze soen wie wat ganz genau mécht do kann ech eng Kéier den Organigramm froen an iech deen dann eng Kéier presentéieren mä ech hunn deen elo net hei. »
Dowéinst wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen :
1. Här Staatsminister, wei ass den Organigramme am Dossier vum Logement a wei ass déi genee Opdeelung vun den Tâchen, vun där den Här Staatsminister schwätzt, zwëscht dem Maggy Nagel an dem Marc Hansen ?
2. Der CSV ass eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht wichteg, dat ënnert anerem an besonnesch an der Logementspolitik. Een produktiv Matschaffen ass allerdéngs nëmmen méiglech wann ee weess, ween de richtegen Uspriechpartner am Dossier ass. Här Staatsminister, ass d’Maggy Nagel oder de Marc Hansen de Responsabelen fir d’Logementspolitik bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod ?
Mat déiwem Respekt,
Marc Lies
Deputéierten

Zréck