Neit Gesetz iwwer d’Organtransplantatioun

Den 20. Mee ass an der Chamber unanim dat neit Gesetz iwwer d’Organtransplantatioun gestemmt ginn, dat eng Rei europäesch Direktiven an en Deel vun der Oviedo-Konventioun a nationaalt Recht ëmsetzt. D’Gesetz verbessert d’Sécherheet, d’Traçabiliteit an d’Relatioune mam europäeschen Ëmfeld a schléisst weiderhin all kommerziellen Ëmgang mat Spenderorganer aus.
D’CSV Fraktioun ass awer skeptesch, wat de Recrutement vu potentielle Spender ubelaangt. Säit hei zu Lëtzebuerg duerch d’Pensionéierung vum Dr Lamy keng Transplantatioune méi gemaat ginn, ass d’Zuel vun de Prelevementer erofgaang. Do brauch et ëmmer rëm en Ustouss, fir sech sou e Spenderausweis zouzeléen. Et ass an de leschte Joer keng Campagne méi gelaf, et gëtt och kee konkrete Virschlag, fir méi Leit ze motivéieren. De Wee iwwer den Dossier de soins partagés schéngt zwar attraktiv, ma de Moment gëtt et heizou keng gesetzlech Grondlag, Zougang zu dësem Dossier, den et konkret nach net gëtt, hunn laut Code des assurances sociales nëmmen de médecin référent oder de médecin traitant.
Mir felicitéieren déi Ekipp, déi säit Joeren kämpft fir méi Ënnerstëtzung vun der Politik, fir eng besser Koordinéierung vun de Prélèvementsaktivitéiten an onsem Land a wënschen hinne vill Chance, lo wou e groussherzoglecht Reglement hinnen eng Konventioun accordéiert.
Lëtzebuerg muss op d’Landkaart vun der Organtransplantatioun zeréckgesat ginn, bis dohin ass nach vill ze dinn.
Martine Mergen
Deputéiert