Projet vun der CFL Multimodal Plattform

PROJET DE LOI modifiant la loi modifiée du 10 mai 1995 relative à la gestion de l’infrastructure ferroviaire

Här President,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Als éischt, der Rapportrice, der honorabler Madame Lorsché, Merci fir hiren exzellenten schrëftlechen a mëndlechen Rapport.

Dësen Gesetzesprojet gëtt, wéi mer grad héiren hunn, gréng Luut fir di 2. Phase vum Projet vun vun der CFL Multimodal Plattform déi an nationaler Aktivitéitszone Scheléck IV am gaang ass ausgebaut ze ginn.

Zënter hirer Entstehung am Joer 1979 huet dës Plattform eng fulgurant Entwëcklung gemaach bedingt duerch eng Neiorientéierung vum internationalen Wuerentransport, déi, am Sënn vun der Ëmwelt, vun der Strooss op d’Schinn ëmklëmmt, well jo bekanntlech ronn 40% vun den CO2-Emissiounen aus dem Transportsecteur grad vum Wuerentransport kommen. Si stellt mam Logistikspark Eurohub Süd e Ganzt duer, ee vun den 3 Standbeener, niewt dem Flughafen an dem Hafen vu Mertert, vun enger nationaler Nischenpolitik am Logistiksberäich, déi di viiregt Regierung esouzesoen wuertwiertlech op d’Schinnen gesat huet. Grad an der Logistik ginn Leit mat manner Qualifikatiounen gebraucht, Leit, déi soss an der Industrie ënnerkomm sinn an de Moment schwéier aus dem Chômage erauskommen. Eng Politik déi vun der CSV begréisst a matgedroen gëtt.

D’Chambre de Commerce bedauert awer an hirem Avis vum 6.März zum virleienden Gesetzesprojet, dass weder bei der 1. Phase vum Projet nach an dem initialen Reglementsprojet vum Plan sectoriel Transport eng Verstärkung vun der Verbindung zwëschen der CFL multimodal Plattforme a vum Hafen vun Mertert via eng deelweis Verstärkung vun der Zuchstréck n°3 Lëtzebuerg-Waasserbëlleg Grenz virgesinn ass. Doduerch wier den Uschloss op der däitscher Grenz op der Héicht vum Merterter Hafen méiglech wier. Deelt den Här Minister dës Appreciatioun?

Di gënschteg zentral Lag esouwuel um Schinnenetz wéi um internationalen Autobunnsnetz mécht de Site Beetebuerg-Diddeleng, zu enger Dréischeif an Europa fir d’Groussregioun mam Containerterminal, der Autoroute ferroviaire op der Nord-Sud Ax an dem Logistikspark. Di verschidden Ëmluedetechniken vun de Semi-remorquen a Containeren vum Camion op den Zuch oder vum Zuch erof op de Camion, soit mat engem Kran, soit engem mobilen Gefier, soit mat der Modalohr-Technik erlaben et um CFL Multimodal schnell an konkurrenzfäheg ze schaffen.

Den Ausbau vum Site erméiglecht et d’Manipulatiounen vun elo 88.000 op 300.000, d’Capacitéit vu Semi-remorquen vun 47.200 op 300.000 an d’Aarbechtsplazen vun ëm di 300 op 640 ze steigeren um Horizont 2025 wat dann och d’maximal Capacitéit ass. Zugleich kënnen d’Waardezäiten fir d’Chaufferen op e Minimum grad esou wéi d’CO2 Emissiounen ëm 525.000 Tonnen pro Joer bis 2025 reduzéiert ginn. De Projet entsprécht also de Kritären vun enger nohalteger Mobilitéit esou wéi se am MODU Konzept festgehalen gouf vum viregten Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister Claude Wiseler.

Di grouss Nofro weist drop hin, dass e Besoin fir esou eng international Plattforme besteet. Ech zitéiren den Rapporteur Aly Kaes vum Gesetz vum 27. August 2013 wéi mer d’Phase I, also d’Viirbereedungsaarbechten an di 1. Partie vun der Plattform gestëmmt hunn wou schon deemols op d‘Dringlechkeet vum Projet higewis gouf.

Ech zitéiren:

« D’Commission d’analyse des projets d’infrastructure ferroviaire hält an hirem Avis vum 12. Mäerz 2013 fest, datt déi zwou éischt Phase vun dësem Projet mussen u sech virun Enn 2015 ofgeschloss sinn, fir datt mer, jo, fir datt mer déi Éischt an der Groussregioun sinn, déi u sech esou eng Infrastruktur kënne virweisen.“ Enn vum Zitat. Di selwecht Commissioun ënnersträicht dëst iwregens nees eng Kéier an hirem Avis vum 10. November 2014.

Fir d’CFL e groussen Challenge, deen déi di Verantwortlech bis elo mat Bravour gemeeschtert hunn. De Projet ass en Deel vun enger Rei vun Efforten, déi d‘Regierung mécht, fir den Eisebunnsréseau ze förderen a mer encouragéiren den Här Minister, dass hien de lëtzebuergeschen CFL Réseau mat Nodrock am Kader vum 4. Europäeschen „Paquet ferroviaire“ verteidegt.

Entretemps hunn di 2 Gemengeréit Beetebuerg an Diddeleng den PAG ëmgeännert an di betraffen Parzellen als spezifesch national Aktivitéitszone ëmklasséiert.

Den Site CFL Multimodal ass awer nëmmen een Deel vun engem groussen Aktivitéitspark vun circa 340ha vun industriellen, kommerziellen, handwierklechen Aktivitéiten déi elo schon oder demnächst sollen am Raum Beetebuerg-Diddeleng stattfannen.

Niewt de bestehenden nationalen Aktivitéitszonen Schéleck I bis V, Krakelshaff, Wolser a Riedchen, sollen laut Plan sectoriel, wann en dann eng Kéier a Kraaft trëtt, Wolser an den Krakelshaff ausgebaut ginn an eng nei spezialiséiert national Aktivitéitszone, déi bis elo kommunal war, bäikommen fir Gesondheetstechnologien, dëst direkt niewt dem Nationalen Gesondheetslabo wou zënter Oktober 2013 all Dag ëm di 200 Leit schaffe kommen.

Och nei Commercen, Supermarché an Tankstell, mat Wunngebitt sollen derbäi kommen an der kommunaler Zone Helper zu Diddeleng grad wéi op Beetebuerger Säit e groussen Supermarché.

Den Accès zum Site CFL Multimodal fir di Leit déi do schaffen an d’Clientën, spréch d‘Camionën déi dohi kommen ass eng Saach. E globalen Konzept fir de gesamten Raum gemäss IVL Virgaaben „Schaffen, Liewen, Wunnen“ zesummen ze bréngen ass eng aner Saach. Dofir hunn di zwee Gemengeréit respektiv Schefferéit vu Beetebuerg an Diddeleng drop insistéiert, nët nëmmen den Impakt vun deem heite Projet eléng ze kucken, mee et an deem méi breeden Kontext ze kucken, besonnesch wat d’Verkéiersplanung ugeet, well hei en immensen Drock entsteet. Well wa méi Leit dohinner schaffe kommen, dann och méi Leit wëllen dohinner wunne kommen an do alles musse kënne fannen wat se brauchen fir ze Liewen. Da mussen mer also och déi Konditioune schafen fir datt dat méiglech gëtt!

Mir investéiren viraussichtlech insgesamt 250 Mio€ iwert den Fonds du rail fir d’Camionën op den Zuch ze kréien. Eng gutt Nouvelle, dass vun deenen éischten 182 Mio € déi mer 2013 gestëmmt hunn, konnten, laut Ausso vun den Responsablen, schon elo 5-10% agespuert ginn. Di ugekënnegt Gréisstenuerdnung vum Finanzement vun der 2. Phase vun den techneschen Équipementer an dem administrativen Gebäi mat iwerdaachtem Parking fir CFL Multimodal a fir CFL Cargo louch deemols bei 28 Mio€. De Montant dee mer awer haut stëmmen leit bei 39 Mio€. An deem Kontext werft d‘Chambre de Commerce an deem selwechten Avis, a mat hier och ech, d’Fro op un d’Regierung virwat den Projet elo 11 Mio€ méi deier gëtt wéi ufanks geduet?

An di 3. Enveloppe, wann da sollt e weideren Ausbau néideg sinn fir Parkraum fir Semi-Remorquen a Stockageraum fir Containeren op 6 Etagen grad esou wéi e 4. administrativt Gebäi bäizebauen, ass op 30 Mio € geschätzt. Iwregens gëtt op déër leschter Plaz en attendant e Parking fir circa 50 Plazen amenagéiert.

Den Zäitplang geseit vir fir Enn 2016 di 2 Phasen färdeg ze hun. Laut der Zousoe vusäite vun de Bedreiwer vun der multimodaler Plattform sollen d’Aktivitéiten um Site progressiv gesteigert ginn – de kompletten Site soll ab 2018/2019 funktiounsfäheg sinn. Voll dréinen wärt den Site ab 2025. Si wäerte och net vun haut op muer vun eent op honnert dréinen, an kënnen deementspriechend och eréischt mat engem gewëssene Rhythmus fueren, wa gläichzäiteg och déi Stroosseninfrastrukturen do sinn, déi einfach zu där neier Plattform gehéieren. Dat schéngt mer eng Selbstverständlechkeet ze sinn an ech hoffen, dass dat och esou am Endeffekt bleiwt.

Här President, Léif Kolleginnen a Kollegen,

D‘CSV Fraktioun dréit de Projet selbstverständlech mat am Sënn vun enger wirtschaftlecher an nohalteger Entwëcklung.

Luewenswert bei dëser 2.Phase ass di polyvalent Notzung vun den administrative Gebäier, wou d‘Douane direkt mat ënnerbruet ass, aner Firmen kënnen Lokalitéiten lounen, an e Konferenzzentrum wéi och Formatiounssäll zur Verfügung stinn.

Begréissenwert och fir d’Leit um Site, dass ronderëm den Areal vun den administrativen Gebäier mat der Kantine an enger Terrasse eng gréng Erhuelungszone mat engem Bioweiher amenagéiert gëtt, déi vum Kaméidi duerch e Schutzwall aus Buedem vun 3 Meter héich ofgeschiermt ass.

An dann awer e grouse MEE, zu den Belaaschtungen a punkto Kaméidi, Trafic an Ëmwelt, déi riskéieren sech op d’Liewensqualitéit vun den Awunner nidderzeschloen.

Par rapport zum Vote vum 1. Projet sinn entretemps eng ganz Rei Froen méi kloer.

Och well, dat muss ee soen, di zwee Gemengeréit respektiv Schäfferéit vu Beetebuerg an Diddeleng drop insistéiert hunn, wéi schon aganks gesot, nët nëmmen den Impakt vun deem heite Projet eléng ze kucken, mee am Kontext vun dem insgesamten Aktivitéitspark an dëser Regioun.

An och, well mer an der Nohaltegkeets- an Infrastrukturenkommissioun hei an der Chamber déi dote Suergen mat Nodrock geäussert hunn. Dofir begréisst d’CSV, dass d’Kommissioun konnt den 3. März en Austausch hunn mat den Verantwortlechen vun Ponts et Chaussées a vun der CFL fir eng Rei Aspekter unzeschwétzen a vu mer verséchert kruuten, dass si enk giffen zesummen schaffen fir dass d’Awunner esou mann wéi méiglech ënnert de Belaaschtungen vun dem zukünftgen massiven Trafic giffen leiden.

D‘Ponts et Chaussée’s Verwaltung huet begréissenwerterweis eng zousätzlech regional Verkéiersétude fir de Raum Beetebuerg–Diddeleng an Optrag ginn wou och elo d’Mobilité douce mat abegraff ass an déi elo eréischt demnächst färdeg ginn, nodeems a Concertation mat den zwou Gemengen an dem Transportdépartement, lescht Moossnamen festgehal ginn. De Moment leien just éischt grouss Konklusiounen vir.

Och sollen, laut Ausso vum Här Minister, den Kritikpunkten an de Suergen, déi den lokalen Aktiounscomité Biereng 21 zum CFL Multimodal geäussert huet, Rechnung gedroen ginn an en ass an senger gemeinsamer Äntwert mat der Ëmweltministesch op d‘parlamentarescher Ufro N°281 vum 13. Mee 2014 op déi ech verweisen, op eng Rei Punkten agaangen.

An menger Question parlementaire vum 3. Juni 2014 N* 325 hat ech zudeem de Problem vun den 200 Mann Personal vum Nationalen Gesondheetslabo (LNS) opgeworf, déi nach ëmmer keng Bushaltestell hunn an mam Auto iwert eng provisoresch Strooss déi vun der Gemeng Diddeleng amenagéiert gouf, op de Site erakommen, awert eng Schlauf iwert dee klengen Rond-point Bireng mussen maachen fir erauszefueren, wou se besonnesch zu den Spétzestonnen laang am Stau stinn. Bis eng eegen Zoufahrt iwert den neien Rondpoint Diddeleng-Bireng gebaut ass, wärt et awer nach eng Zäitchen daueren! E weideren Kritikpunkt vun den Notzer vum LNS ass, dass nët genuch Parkplazen do wieren an dass et gutt wier eng Stroosseverbindung zur Näerzengerstrooss hin ze schaafen – eppes wat di lokal CSV iwregens schon zënter längerem gefrot huet – an zemols wou den Areal Koibestrachen, laut dem Projet vum Plan sectoriel, elo soll eng spezialiséiert national Aktivitéitszon ginn am Beräich vun den Gesondheetstechnologien.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Et bleiwen an den Aen vun der CSV awer eng Rei Onkloerheeten bestoen:

  • Eng Fro wat de Kaméidi ubelaangt

Niewt deenen dräi détailléierten Étuden déi d‘CFL gemaach huet iwert den Kaméidi vum Trafic an d’Aktivitéiten um Site, wou besonnesch de Nuetskaméidi e Problem ass, huet den Här Minister nach eng supplementar Étude maache geloss iwert den Trafic’skaméidi vun der A13, dee bei weitem d’Normen iwerschreit.Hei soll en Écran géint dee Kaméidi op enger Längt vun 1.500 Meter laanscht d’Autobunn kommen. Sollt ee nët den Fuerderungen vun den Awunner entgéint kommen an op eng Längt vun 2,5km erop goen? Huet d’Ëmweltverwaltung séch schon dozou ausgeschwat ? Op der Informatiounsversammlung zu Diddeleng huet den Här Minister vun engem Käschtepunkt vun 2,5 Mio€ geschwat an d’Aarbechten kéinten 2015 ufänken. Wéini soll deen Lärmschutz installéiert ginn a wien installéiert en? Ass dat och Ponts et Chaussées vu dass si de Budget dovun féiert?

  • Dann eng Rei Froen zum Trafic:

Obschon d’Mobilitéit innerhalb vum Site e Modal Split vun 64/36 virweist an domat iwert der nationaler Moyenne leit, geet elo d’Cadence vun de Camionën op 1.700 pro Dag erop a wann de Site voll operabel ass, komme mer op 2.500 Camioën den Daag, wat enorm ass. Ouni d’Fernlasteren ze zielen déi op den Logistiksareal Eurohub, fréier WSA, fueren.

  • Hei sollen jo Schutzwäll kommen wann den Lärmpegel e gewëssenen Niveau iwerschreit. Ween ass zoustänneg fir dat ze kontrolléiren? De Bedreiwer oder kënnt eng extern Kontroll?
  • Fir den Trafic besser an de Grëff ze kréien sollen elo 3 Accèsën fir de Site kommen. De Rond-point Diddeleng-Biereng soll ëmgebaut ginn, kritt d‘Gréisstenuerdnung vum Iergärtchen a soll di Haaptax ginn fir iwert d‘(RN 31), also d’Lëtzebuerger Strooss, fir den Zougank zum Site ze kréien an dat op direktem Wee, ier d’Leit, ier d’Camionen an de Rond-point kommen, datt se am Site kënnen Den Diddelenger Gemengerot huet och schon den Ëmännerungen zum PAG zougestëmmt.

Di 1. Partie vum Rondpoint Bireng ass laut den Responsablen vun Ponts et Chaussée an der Realisatiounsphase an d’Soumissiounen sinn am gaang approuvéiert ze ginn. Well de Käschtepunkt vum Projet mat +- 36 Mio€ just ënnert dem Seuil vun 40 Mio € leit, ass awer opgrond vum Art. 99 vun der Verfassung den Accord vun der Chamber nët néideg fir di Suen do zur Verfügung ze stellen, ergo gesi mer och keng Pläng.

Mär ass awer nët esou kloer, ob d’Camionën och op direktem Wee nees op d’Autobunn eropkommen oder ob alles muss duerch de selwechten Punkt duerch de Rondpoint fueren? Dat wier nämlech eng zimlech Katastroph! An dat,

  • trotz der neier Strooss parallell zur Collectrice du Sud déi d’Lëtzebuerger Strooss (RN31) mam (CR 161) Richtung Hélleng soll verbannen an
  • trotz dem kompletten neien Echangeur Dudelange-Centre. Erofkommen kënnen d’Camionën do dann direkt vun der Autobun vu Frankräich erfort an iwert den (CR 161) laanscht d’Aktivitéitszone Riedgen an den „Luxconnect“ mat direkten Accès op den Logistiksite parallel zur A13. Derbäi kënnt en direkten Accès op A3 Richtung Frankräich.
  • trotz der Desserte iwert den Hellénger Echangeur laanscht de Krakelshaff, déi elo soll Haaptstroos ginn während d‘(N13) laanscht den Beetebuerger Park soll zréckgestuft ginn als Verkéiersberouegung an en Duerchfuerverbuet fir Camionën do agefouert ginn

Kann den Här Minister mer douzou zousätzlech Précisiounen ginn wéi dat konkret um Rond-point Biereng soll fonktionnéiren fir erëm erop op d’Autobunn vum Site aus?

Och wollt ech froen wéi deen Projet vun der Landschaftsgestaltung vun dem Site ausgeseit deen den viiregten delegéierten Nohaltegkeetsminister Marco Schank den 25. Juli 2013 als préalabel Konditioun gestallt hat ier d’Aarbechten um Rondpoint giffen ufänken?

  • Geplangt ass och den 3 spuregen Ausbau vun der A3 direkt vum Diddelénger Wal aus bis d’Aire de Berchem. Doduerch ergëtt sech an enger spéiderer Phase eng Ëmstrukturéirung vum Beetebuerger Kräiz mat der Verbreederung vun den Autobunnsbrécken.

Méng Fro, wéini geet et lass mat deem méi wéi dringend 3-spuregen Ausbau a virwat gëtt den Ausbau nët wéi initial Richtung Arel verlängert?

  • Da sinn eng ganz Rei Moossnamen fir den regionalen Verkéier zu Diddeleng an Beetebuerg geplangt, Vu Busarrêtën iwert Velo’s a Foussgängerwéër bis Verkéiersberouegung duerch roud Luuten oder Stroosseverengungen an Ubannung un d‘Schinnennetz mat Ewechfalen vu Barrièren.

Ech wier ganz frou wann den Här Minister eis all déi Mesüren, déi an der definitiver Versioun, déi anscheinend fir Abrëll soll prëtt sinn, vun der regionaler Verkéiersétude virgesinn sinn eng Kéier an d’Chamberskommissioun kéint virstelle kommen, well et haut an dësem Kader ze wäit féiert fir an all déi Détailer ze goen?

  • Eppes punkto Trafic muss ech awer nach bemierken:

Dat ass den aktuellen Camion’s Trafic Richtung Tankstellen an der Entrée Bireng-Diddeleng.

Niewt dem joerelaangen regelméissegem Stau zu de Spétzestonnen an den Entréën a Sortien vun Diddeleng ass dës Entrée iwert de klengen Rondpoint zu Bireng regelméisseg blockéiert duerch Camionën déi nët nëmmen dohin tanken kommen, mee dann och esouguer hir reglementär Pausen op deenen Tankstellen ofhalen

Um neien Site CFL Multimodal kënnen se awer op en CRS, d.h. e Centre routier sécurisé zrëckgräifen wou se alles offréiert kréien, vun der Hygiene an Restauratioun iwert , d’Tanken mat Drugstore a Schlofpaus bis op d’Sécherheet inklusiv kleng Reparaturen. Vu dass daat en CRS multicard ass, deen also all Zorten vun Camionën zouléisst, misst ee kënnen evitéiren, dass d‘Camionneuren op der Lëtzebuerger Strooss erausfueren, mee direkt op den Site dirigéiert ginn duerch eng ugepassten Beschëlderung.

Dofir zwou oder dräi weider Froen un den Minister:

  • Wéini prezis ass di Tankstell um Site operabel, well soss fueren d’Camionën awer an d’Entrée vun Diddeleng eran.
  • Wier Dir bereet esou eng Verbuetsbeschëlderung fir Transitverkéier z’installéiren wéi dat schon Richtung Beetebuerg laanscht de Parc Merveilleux geplangt ass?
  • Wier et nët sënnvoll den Code de la Route ënnert d’Lupp ze huelen op deem Punkt, fir Feelinterpretatiounen ze vermeiden, well Tanken oft als Rupture de charge interprétéiert gëtt, d.h. wéi wann een eppes giff liwweren?
  • Wat den Ëmweltaspekt ubelaangt,

esou sinn d’Terrassementsaarbechten déi zënter 2013 op dem 32 ha groussen Site gemaach goufen enorm, wéi ee konnt beim 1. Spuetstéch am Dezember 2014 gesinn.

D’Finanzéirung vun de Moossnamen fir dës Versigelung ze kompenséieren ware jo schon duerch de Vote vun der 1. Phase vum CFL Multimodal ofgedeckt. Seitens dem fréieren delegéierten Minister Marco Schank war awer Rieds vun weideren Kompensatiounsmoossnamen ausserhalb vum Site déi nach sollten decidéiert zesummen mat der Natur- an Bësch Verwaltung.

Ech wollt vum Här Minister wëssen ob di Decisioune scho gefall sinn a wéi eng Moossnamen dat sinn? Bedeit dat supplementar Käschten fir de Projet?

Da wollt ech nach wëssen ob Étuden vun der Loftqualitéit gemaach gi sinn?

  • Eppes wat mer nach um Härz leit, ass den securiséierten Areal um Site, dee fir de Stockage vu geféierleche Gidder virgesinn ass.

An der Kommssioun si mer gewuer ginn, dass den Commodo/Incommodo fir geféierlech Produkter nach nët ofgeschloss ass. Et war och Rieds, dass den Seveso-Rayon an deem Gas- oder explosiv Stoffer kéinten stockéiert ginn kéint eventuell zréckgestuft ginn an dass eng nei europäesch Seveso Direktiv soll ëmgesat ginn.

Kéint den Här Minister eis soen, wat dat dann elo fir dee Site hei bedeit?

An da wollt ech och nach wëssen wéi do d’Virbereedung an d‘Koordinatioun wat d‘Sécherheet vum Site ubelaangt mat den lokalen Pompjeescoren vun Beetebuerg an Diddeleng leeft, respektiv ob do nach aner Pomjeescoren matbäigezu ginn?

  • A last but not least wollt ech nach wëssen, wat fir Contrainten op d’Benotzer vum Stroossenetz an d’Awunner duerkommen während de der Chantier’sphase? Wéi leeft d’Coordinatiooun tëschent all deene Chantierën, inklusiv dem Échangeur an Rond-Point Helléng? Mer hu gesinn zu wat fir engem Verkéierschaos d’Spärung vun der Saarautobunn Richting Fréiseng di lescht Woch gefouert huet!
  • An op wéi enger Zäitschinn, sollen di verkéierstechnesch Moossnamen déi ech virdrun opgezielt hunn, déi den eigentlechen Fonktionnement vum Site eréischt erméiglechen, realiséiert ginn?

Här President,

Wert Kolleginnen a Kollegen,

  • In Fine begréisst d’CSV, dass duerch dësen Gesetzesprojet d’Aarbechten um Site vun der CFL Multimodal virun gedriwwen ginn. De Projet ass vu kruzialer Wichtegkeet fir eis national Wirtschaft an di wirtschaftlech Entwëcklung vun der Südost Regioun vun eisem Land. D’Zäit drängt, well d’Konkurrenz schléift nët!
  • Obschon et bekanntlech heescht „Wou gehuwwelt gëtt, faale Spéin“, muss een onbedingt Suerg dofir droen, dass d’Belaaschtungen fir d‘Ëmwelt an d‘Awunner vum Raum Beetebuerg-Diddeleng besonnesch vum Quartier Bireng, an esou guer vun den Nopeschuertschaften Kayl a Fréiseng op e Minimum reduzéiert musse ginn.
  • Heimat ginn ech den Accord vun der CSV Fraktioun fir dësen Projet matzestëmmen.