CSV-Nationalkongress 2015

Livestream_Kongress

Mir invitéieren Iech häerzlech op de CSV-Nationalkongress “Nei Perspektiven” e Samschdeg, 28. Mäerz 2015 am Centre culturel et sportif zu Gréiwemaacher. De Kongress fänkt ëm 09:00 Auer un. D’Delegéiert kënnen sech vun 08:30 Auer un aschreiwen. Eng Garderie fir d’Kanner ass virgesinn. /// AVEC TRADUCTION SIMULTANÉE EN FRANÇAIS


Am Mëttelpunkt vum Kongress steet e.a. den interne Moderniséierungsprozess op Basis vum Perspektivenbericht a vun de Positiounspabeiere vun de Bezierker an Ënnerorganisatiounen.

An dësem Kader fannt Dir hei e Projet vun enger Resolutioun vum CSV-Nationalcomité, iwwer déi um Kongress soll diskutéiert ginn:

D’Stellungnahme vun de Bezierker an Ënnerorganisatioune kënnt Dir hei noliesen:


DAGESUERDNUNG

08.30 Auer – Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten. D’CSV Gréiwemaacher servéiert Kaffi a Croissant.

09.00 Auer – Begréissung

  • Begréissung duerch de President vun der CSV Gréiwemaacher Léon Gloden
  • Begréissung an Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident Marc Spautz
  • Bezeechnung vum Kongressbüro

I. ADMINISTRATIVEN DEEL

Aktivitéitsbericht vum Generalsekretariat

Keessebericht vum Generaltresorier Georges Heirendt

Interventioun vun de Keesserevisoren

Bericht vun der Chamberfratkioun

Diskussioun an Adoptioun vun de Berichter

II. NEI PERSPEKTIVEN FIR D’CSV

Presentatioun vum CSV-Nowuesförderprogramm duerch d’Vizepresidentin Martine Hansen

Presentatioun vun den CSV-Foren duerch d’Vizepresidentin Françoise Hetto-Gaasch

Presentatioun vum Perspektivenbericht a vun de Positiounspabeieren vun de Bezierker an Ënnerorganisatiounen duerch de Generalsekretär Laurent Zeimet

Diskussioun a Resolutiounen

III. NEI PERSPEKTIVEN FIR EUROPA

Interventioun vum President vun der Europäescher Vollekspartei, EVP, Joseph Daul

Ried vum President vun der Europäescher Kommissioun, Jean-Claude Juncker

IV. NEI PERSPEKTIVEN FIR LËTZEBUERG

Ried vum CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler

Ried vum CSV-Parteipresident Marc Spautz