Interparlementarësch Réunioun zu Bréissel

Déi national Parlamenter waren dëser Deeg am Parlament zu Bréissel. Am Kader vun der “conférence interparlementaire”, déi an der Suite vun der Scholdekris an d’Liewe geruff gi war, ginn d’Budgete vun den eenzelne Länner reegelméiseg ënnert d’Lupp geholl a koordinéiert. Esou Reuniounen ënnersträichen d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht tëscht dem europäeschen an den nationale Parlamenter.

Déi Zesummenaarbecht hunn d’CSV Fraktioun Doheem an d’CSV Vertrieder am Europaparlament och am Dossier vum Roaming gewisen, wou mer eis Suergen ëm d’Rechter vum Konsument maachen.

D’CSV-Fraktioun zu Lëtzebuerg war duerch de Fraktiounschef Claude Wiseler an de Laurent Mosar vertrueden.