Interventioun vum Frank Engel am Europaparlament

Um Mëttwoch Owend ass et am Europaparlament ëm déi sougenannt „Foreign Fighters“ gaangen, Leit, och aus Europa, déi am Irak an a Syrien fir den IS kämpfen an eventuell dann als ganz geféierlech Terroristen zeréck an Europa kommen.
Den CSV Europadeputéierten Frank Engel huet kloer Wieder fonnt am Parlament zu Stroossbuerg. Mir missten der Wourëcht an d’Aa kucken an och gesinn, dass sougenannt Alliéierter vun der Unioun Joerzéngten an och haut nach Regimer ënnerstëtzen, déi eis wëlle futti maachen.
Lauschtert hei d’Interventioun vum Frank Engel.